Hie soll do virdrun en anere Mann menacéiert a kierperlech aggresséiert hunn.

D'Polizisten hunn de Verdächtege gestallt an duerchsicht. Si hunn Drogen a Boergeld fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf e festgeholl.

Am Kader vun enger breet ugeluechter Kontroll am Garer Quartier an der Stad hunn d'Beamten e presuméierten Drogendealer gepëtzt. Si haten en Deal tëscht him an engem Client an der Joseph Junck Strooss observéiert a béid Persounen duerno gestallt. De Verkeefer hat Cannabis bei sech a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.
Alles an allem goufen 49 Persounen kontrolléiert. Ee Protokoll gouf geschriwwen wéinst engem Verstouss géint d'Drogelegislatioun. Zwou Persounen hate keng valabel Pabeieren.