Betriber gesi kee Fortschrëtt bei der "Simplification administrative"
Verschidden Entrepreneuren hunn au contraire esouguer d'Gefill, datt déi administrativ Aarbechten nach méi komplex gi sinn.
Wéi och schonn aner Regierunge virun hinnen huet och Schwaarz-Blo an hirem Koalitiounsaccord festgehalen, datt déi administrativ Prozedure vereinfacht solle ginn. Ënner anerem fir kleng a mëttelstänneg Betriber soll dësem Accord tëscht béide Parteien no déi administrativ Exigenze ëm ronn 25 Prozent erofgoen. An der Praxis awer ass dëst bei de Patronen nach net ukomm. Dat weisen ënner anerem d'Situatiounen um Terrain an och eng Ëmfro vun der Chambre de Commerce an dem House of Entrepreneurship.
Eent vu ville Beispiller ass d'Gastronomin Aline Bourscheid. Virun aacht Joer huet si sech selbstänneg gemaach an haut huet si mat hirem Associé véier Betriber a 75 Mataarbechter. Déi aktuell administrativ Prozeduren kaschte vill Zäit an obwuel d'Gastronomie hir Leidenschaft ass, schafft si grad emol nach 10 Prozent vun hirer Zäit an dësem Volet. De Rescht geet fir d'Gestioun vun de Betriber drop.
"Mir sinn awer net Affekot a Psycholog a Jurist" oder och nach Comptabel an enger Persoun. Et huet ee vun allem verschidde Kompetenzen, mä "fir bis zum Schluss ze kommen, feelt et heiansdo".
Wéi der Aline Bourscheid geet et ville Cheffe vun Entreprisen, seet d'House of Entrepreneurship. Enger vun hiren Etüden no soen 71 Prozent vun den Entreprisen, datt hir Rentabilitéit ënner den héijen Administrativen Ufuerderunge géif leiden. Och wann d'Regierung dru schaffe géif, d'Prozesser ze vereinfachen, géif dës Simplificatioun net wierklech um Terrain ukommen.
Der Directrice vum House of Entrepreneurship Stéphanie Damgé no soe 60 Prozent vun den Entreprisen, datt sech net vill geännert hätt. "Nëmmen dräi Prozent soen eis, et hätt sech eppes geännert, et hätt sech developpéiert." Déi verbleiwend Entrepreneuren hu souguer d'Impressioun, datt déi administrativ Aarbechten nach méi komplex gi wieren. De Constat ass iwwer Joren "dee selwechte bliwwen".
D'Aline Bourscheid seet, datt si an hiren Associé dacks vill Zäit verléieren, fir ëmmer nees déi selwecht Dokumenter unzefroen respektiv eranzereechen. Ze vill beschwéiere wëll si sech awer net, well dacks sinn dës Demarchen och néideg, fir staatlech Hëllefen ze kréien. Et mécht een et, well een och eppes dofir kritt.
Si wënscht sech eng Plattform, wou een als Entreprise eng Identitéit an Accès hätt a jiddereen iwwerpréiwe kéint, "ob s de déi néideg Dokumenter virweise kanns oder net." Änlech gesäit dat d'Chambre de Commerce, déi sech eng zentral Plattform, eng Aart Guichet unique fir Entreprise wënscht an dat esou séier wéi méiglech. Wéi et vun hinnen heescht, wënsche sech 85 Prozent vun den Entreprisen eng méi einfach Prozedur an der Gestioun vun hirem Alldag. Mat 47 Prozent vun den Entreprise seet quasi all zweet, datt d'Firmegrënnung zu Lëtzebuerg ze schwéierfälleg wier.
Et muss een aktuell nach Demarchen op méi Plaze maachen amplaz datt een "eng Kéier eng Demarche" mécht, "wou alles zentraliséiert ass an d'Administratiounen Zougrëff zu deenen Dokumenter hunn", seet d'Stéphanie Damgé.
Vill Patrone fuerderen och den "Droit à l'erreur". D'Administratioune wieren zimmlech onflexibel, wann d'Entreprisen Delaie verpassen oder sech an engem Formulaire ieren. D'Chambre de Commerce wënscht sech dofir méi Versteesdemech vun den Administratioune fir d'Besoine vun den Entreprisen.