E Méindeg de Moien huet een op der A4 Richtung Stad e bësse méi Gedold misse matbréngen, nodeems et op der Héicht vu Leideleng gerabbelt hat.

Duerch den Accident, an dee véier Gefierer sollen implizéiert gewiescht sinn, koum et zu engem gréissere Réckstau. Zäitweis war souwuel d'Iwwerhuelspuer, wéi och déi riets Spuer gespaart an den Trafic huet mussen iwwert d'Pannespuer laanscht den Accident deviéiert ginn.

Dobäi koum dann och nach, dass am Réckstau en Auto en panne gefall ass. Dat huet net dozou bäigedroen, dass sech de Stau méi séier opléist.

Wéi de CGDIS schreift, goufe beim Accident zwou Persoune verwonnt. Am Asaz waren d'Pompjee vu Monnerech a Schëffleng, grad ewéi Pompjeeë vun Esch an Diddeleng.