Gewerkschaft vun Apdikter verlaangt méi héich Indemnitéit fir Garden

© Photo by RICCARDO MILANI / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
D'Gewerkschaft vun den Apdikter verlaangt eng méi héich Indemnitéit fir de Gard-Déngscht ze couvréieren, wéi déi zoustänneg Ministesch confirméiert.
Wéi d'Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet confirméiert, huet d'Gewerkschaft vun den Apdikter ugefrot, dass d'pauschal Indemnitéit fir Apdikten, déi Gard hunn, an d'Luucht gesat gëtt. An hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Députéierte Mars Di Bartolomeo huet d'Martine Deprez allerdéngs net wësse gedoen, wéi d'Regierung zu dëser Fuerderung steet oder wéi héich de gefrote Montant ass.
D'Ministesch huet awer ënnerstrach, dass et aktuell keng Pläng ginn, d'Offer vun Apdikten, déi baussent de normalen Ouvertureszäiten schaffen, ze reduzéieren. Am Moment gëtt dësen Déngscht vun enger 10 Apdikten assuréiert.
De nei-verhandelte Forfait misst, sou d'Äntwert vun der Ministesch, de reelle Käschte vum Fonctionnement Rechnung droen.