En Dënschdeg de Moie war d'Aarbecht vum CGDIS Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder

"Ech sinn elo 35 Joer an de Rettungsdéngschter ënnerwee. Ech hu selwer keng Erënnerung un esou een Accident. Dräi oder véier Doudeger, dat kann ee sech nach erënneren, mee dat heiten ass wierklech schonn exzeptionell a ganz schlëmm."

Dat sot de Generaldirekter vum CGDIS en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zum grujelegen Accident e Méindeg den Owend tëscht Heischent an der Fuussekaul, bei deem 5 Leit gestuerwe sinn. Aussergewéinlech wier och, dass direkt zwee Autoen ufänke mat brennen. Mee et misst ee sech natierlech bewosst sinn, dass een Auto mat Verbrennungsmotor 100 Liter Bensinn mat derbäi hätt. Wann den Tank opräisst an dat iwwert déi waarm Deeler vum Motor leeft, da fänkt den Auto direkt Feier, erkläert de Chef vum CGDIS.

Op esou Accidenter kënnt och de Groupe de support psychologique an den Asaz. Si encadréieren d'Zeie vum Accident, d'Secouristen a si begleeden och déi Asazkräften, déi duerno heem bei d'Famill vun den Affer musse fueren. Global gesinn, misst een awer soen, dass d'Zuel vun de schwéieren Accidenter déi lescht Joerzéngten däitlech zeréckgaangen ass. D'Politik vun de Radaren (Strecke-Radaren oder punktuell Radaren) hätt sécherlech och hiren Deel dozou bäigedroen. D'Sécherheetsvirkéierungen an den Autoe wieren och besser ginn, erkläert de Paul Schroeder.

Wéini fueren Ekippe vum CGDIS an d'Ausland a wéini net?

Äerdbiewen, Iwwerschwemmungen, Bëschbränn: d'Ekippe vum CGDIS fuere just wann international Ufroe gestallt ginn, notamment iwwer den europäesche Mechanismus vum Zivilschutz. Do géingen et kloer Virgabe ginn. Zum Beispill misst ee bei Bëschbränn Ekippe schécken, déi kënnen autark, ronderëm d'Auer fonctionéieren. Dat heescht, d'Ekippe musse fir hir eege Verfleegung suergen an och hiert eegent Asazmaterial op der Plaz warten an et misst ee genuch Leit hunn, fir Rotatiounen ze maachen. Do wier ee séier bei engem Contingent vun 100 Leit. An dat wier fir Lëtzebuerg natierlech schwéier ze stemmen. Viru kuerzem wier allerdéngs eng Ekipp vun 8 Pompjeeë vun Iechternach a Portugal, gefuer fir do ze hëllefen. Dat wier awer duerch perséinlech Connaissancen entstanen. Tëscht de Pompjeeë vun Iechternach an Arganil géingen et scho ganz laang Kontakter ginn. A wéi déi portugisesch Kolleegen dunn no Hëllef gefrot hunn, hätt de CGDIS den Asaz autoriséiert. Bei Katastrophe gëtt dacks den HIT (Humanitarian Intervention Team) geschéckt mam emergency.lu. Dat ass eng Satellitteschossel, déi einfach ze transportéieren ass an déi op der Plaz hëllefe kann, fir d’Kommunikatioun nees hierzestellen. Primär fir d’Rettungs- an Hëllefsekippe sur place, erkläert de Paul Schroeder. 

Och zu Lëtzebuerg muss ee mat méi Vegetatiounsbränn rechnen

D'Temperature ginn och zu Lëtzebuerg an d'Luucht an deementspriechend gëtt et ëmmer méi dréchen an d'Gefor vu Vegetatiounsbränn duerch landwirtschaftlech Maschinne klëmmt. Dofir ginn och am Grand-Duché d'Asazkonzepter an och zum Deel d'Material ugepasst. Verschidde Camione wieren ëmgebaut ginn, fir besser kënnen ze intervenéieren, erkläert de Generaldirekter vum CGDIS.

112 muss ëmmer erreechbar sinn

No der Cyberattack op d'Post war den 112 fir e puer Stonnen net méi erreechbar. Iwwer d'Envergure vun där Pann war de Paul Schroeder engersäits iwwerrascht, anerersäits wier een haut ganz ofhängeg vum Internet a vun der Elektrizitéit an doduerch wieren d'Systemer vill méi vulnerabel ginn. Den 112 wier eigentlech ëmmer erreechbar gewiescht, mee den 23. Juli, mee d'Appeller wieren einfach net duerchkomm. Dofir wier een op de Wee gaangen, fir méi Secouristen op d'Asazzentren ze setzen, fir dass Leit do kéinten Hëllef kréien. Fir d'Zukunft mécht de Generaldirekter vum CGDIS den Appell, dass d'Bierger sech einfach mol solle Gedanke maachen, wou si géingen Hëllef kréien am Fall wou den Telefon/Internet net geet. Eng aner Méiglechkeet wier och ëmmer, fir eng Policepatrull unzehalen. D'Funknetz tëscht Police an CGDIS géing ëmmer goen.

Nach ëmmer vill Benevollen, mee den Engagement huet sech verännert

Aktuell ass ee beim CGDIS bei eppes iwwer 700 Beruffspompjeeën a ronn 7.000 Fräiwëllegen. D'Zuel vun de Benevolle wier an de leschte Joren eigentlech éischter geklommen, wéi erofgaangen, mee et géing een och feststellen, dass sech den Engagement vun de Leit verännert hätt, sou de Paul Schroeder. "Fréier war et esou, jo, eemol Pompjee, ëmmer Pompjee. An et huet een alles hannen ugestallt, fir ze kucken, datt den Déngscht géif fonctionéieren. Bon, haut hunn d'Leit eeben och ganz vill aner Aktivitéiten an Interessen an dovunner ass dann de CGDIS eng", sou de Paul Schroeder.

D'Leit hätten haut manner Disponibilitéit. Dat misst een acceptéieren a sech dorun upassen. Et hätt een intern eng gréisser Etüd gemaach iwwer d'Motivatioun vun de Leit a wéi si sech wéilten engagéieren. A bis ewell hätt een intern just ee Statutt gehat, dat heescht, all Mënsch wier an den nämmlechten Tirang gestach ginn. Elo wéilt een awer op de Wee goen, fir verschidde Statutten ze hunn, wou d'Leit sech méi oder manner kéinten engagéieren, sou de Generaldirekter vum CGDIS.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.