De Jean Spautz kritt 95 Joer

© RTL
Aus senger Karriär als Deputéierte stécht säin Asaz fir d'Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht am Joer 1967 eraus.
Hie war 15 Joer laang Minister, souz 30 Joer an der Chamber, dovun 9 als Parlamentspresident, war méi wéi 5 Joer EU-Deputéierten a stoung 13 Joer un der Spëtzt vum LCGB: Rieds ass vum Jean Spautz. Op dësem 9. September feiert den CSV-Politiker säi 95. Gebuertsdag. De Marc Hoscheid huet sech mat him iwwert säi Liewen awer och déi politesch Aktualitéit ënnerhalen.
Wann ee laanscht dem Jean Spautz säin Haus zu Schëffleng trëppelt, géing een op den éischte Bléck net onbedéngt mengen, datt hei ee Mann wunnt, deen d'Lëtzebuerger Politik am 20. Joerhonnert entscheedend mat gepräägt huet. De fréiere Stolaarbechter ass senge Wuerzelen trei bliwwen a weess, wou en hier kënnt. Dono gefrot, ob wat en a senger politescher Karriär besonnesch houfereg ass, ass et dann och d'Äntwert, datt hie bewisen hätt, datt een zu Lëtzebuerg, onofhängeg vun der sozialer Schicht, aus där ee kënnt, politesch Karriär maache kann.
"Datt och ee Schmelzaarbechter an dësem Land d'Méiglechkeet huet, sech fir dee wichtegste Posten ze bewerben an en och ze kréien. Mee et geet net vum selwen, d'Viraussetzung ass, datt ee fläisseg ass, datt ee sech net derduerch wurschtelt, datt een ee System huet, datt ee genee weess wéi, wou wat. Datt wann een Decisiounen hëlt, wann ee Rieden hält, dierf keen am Raum sinn, dee méi iwwert dee Sujet weess wéi ech, wann ech als Politiker doriwwer een Exposé maachen."
De Jean Spautz weist sech awer och zefridde mat der Reform vun de Gemengefinanzen, déi en als Inneminister duerchgefouert huet. Aus senger Karriär als Deputéierte stécht säin Asaz fir d'Ofschafe vum obligatoresche Militärdéngscht am Joer 1967 eraus.
Nieft senger politescher hat de Jean Spautz och eng gewerkschaftlech Karriär. Vun 1967 bis 1980 stoung hien un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond. An där Funktioun huet hien d'Stoltripartite Mëtt de 70er Jore vu ganz Noem matkritt. Déi Verhandlunge wieren zwar net einfach gewiescht, ma et wier ee awer op ee gréngen Zweig komm, seet de Jean Spautz, deen dann och een Tipp fir déi aktuell Sozialpartner huet.
"Am Ufank ass et haart hiergaangen. Ech soen, wann ee Sträit huet, soll een deen doheem an der Kichen ausdroen an net an der Ëffentlechkeet a sou ass et och an der Politik. An der Politik soll kee soen, se hätte kee Sträit, et gëtt jo ëmmer Divergenze. Mee verstänneg Leit, sou wéi d'Gewerkschaften och, déi schwätzen dann zesummen, do muss jidderee Waasser a säi Wäin schëdden a wann et fäerdeg ass, da si se sech eens."
Employé a Patron géinge sech géigesäiteg brauchen, dowéinst wier et am Interessi vu béide Säiten, sech eens ze ginn. Den Éierepresident vun der Chamber ënnersträicht dann och, datt et no de Sozialronnen elo un der Chamber wier, fir hir Responsabilitéit ze iwwerhuelen.
A senger Partei, der CSV, huet de Jean Spautz ëmmer zum soziale Flillek gehéiert. Datt hien esou eng politesch Karriär gemaach huet, géing awer virun allem weisen, wéi wichteg de "V" am Parteinumm wier. Et wéilt een nämlech fir déi ganz Gesellschaft do sinn.
"Ech soen ëmmer et gëtt kee chrëschtleche Mindestloun an et gëtt kee sozialistesche Mindestloun. Mee et gëtt ee Mindestloun, deen héich genuch ass an een, deen net héich genuch ass an dofir triede mir an, datt deen, deen net héich genuch ass, datt dee soll eropgesat ginn. Datt deen der Entwécklung vun der allgemenger Wirtschaft an de Präisser Rechnung dréit."
Den "C" géing bei der Gesellschaftspolitik eng wichteg Roll spillen. An och wann d'Relioun haut manner an der Gesellschaft present wier, hätten déi chrëschtlech Wäerter nach ëmmer hir Daseinsberechtegung.
De Jean Spautz verfollegt esouwuel déi national wéi och déi international Politik nach ëmmer ganz genee. Mat Bléck op déi geopolitesch Situatioun ass et d'Ausso, datt et zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich 2022 méi wichteg Entwécklunge ginn hätt wéi an den 80 Joer virdrun, also zanter dem Enn vum Zweete Weltkrich. Dobäi hätt den Ukrain-Krich verhënnert kënne ginn, wann d'Europäesch Unioun anescht op d'Annexioun vun der Krim am Joer 2014 reagéiert hätt.
"D'Krim mat 5 Milliounen Awunner, héich industrialiséiert, huet den Här Putin akasséiert ouni een Euro ze bezuelen, ouni ee Schoss brauchen ofzeginn. D'Europäer hunn deemools ee Feeler gemaach. Wa se direkt dat gemaach hätten, wat se lo bei der Ukrain gemaach hunn, wou se hir Streidereien op der Säit gelooss an zesummegehalen hunn, wa se dat deemools scho gemaach hätten, dann hätt den Här Putin gewosst, dat dote kanns de net nach eng Kéier maachen, well do hues de Léiergeld ginn."
Hie géing d'Hoffnung awer trotzdeem net opginn. D'EU hätt zwar e bëssi gebraucht, mee wier mëttlerweil um richtege Wee. An et wier ni ze spéit, fir eppes gutt ze maachen.
Dann hoffe mer, datt de Jean Spautz mat där doten Aschätzung Recht behält, et gëtt der jo net vill, déi sou vill politesch Erfarung hu wéi dee Mann, deen haut 95 Joer kritt. Vun dëser Plaz aus dann och alles Guddes gewënscht.