D'Rechter vun Déiere stinn am Mëttelpunkt vun enger internationaler Konferenz, déi den Ament an der KUFA zu Esch ass.

Bis e Sonndeg den Owend beschäftege sech eng 300 Participanten aus der ganzer Welt mat ethesche Froen iwwert d'Relatioun tëschent Mënsch an Déier. 
 
Déi Konferenz ass elo schonn eng Rei Joren zu Lëtzebuerg an net esou akademesch wéi et kléngt, seet den Heiko Weber aus dem Organisatiounsteam:
 
"Mir hunn hei verschidde Virträg, mir hu verschidde Workshops, verschidden Diskussiounen, mir weisen och Filmer. Et geet ëm all méiglech Aspekter ronderëm d'Rechter vun Déieren. Dat heescht sech domadder auserneenzesetzen, datt d'Déieren net méi fir d'Fleeschproduktioun, fir d'Déiereversich, fir d'Ënnerhalungsindustrie oder fir d'Kleedungsindustrie ausgebeut ginn. Dat ass alles Thema hei. Et gi verschidde Virträg, wou Campagne virgestallt ginn, et ginn ethesch Virträg, wou d'Theorie bësse virgestallt gëtt, et gëtt praktesch Erfarungsberichter."

Den Heiko Weber

Wéini déi verschidde Virträg sinn, fënnt een op www.ar-conference.org, an do kann ee sech och duerch d'Konferenzen aus deene leschte Jore klicken.

Mir ware e Freideg op der Plaz an hu mam däitsche Journalist Friedrich Mülln geschwat, deen zesumme mat anere Leit undercover a Schluechthaiser, a landwirtschaftleche Betriber oder a Laboratoirë wou Déiereversich gemaach ginn, schaffen.

D'Mëssstänn, déi et op esou Plaze ginn, ginn dann dokumentéiert an dono verëffentlecht. Op déi Manéier konnt de Friedrich Mülln a seng Soko Tierschutz schonn eng ganz Partie Mëssstänn opdecken a stoppen