An der Nuecht op en Dënschdeg war net nëmmen de CGDIS wéinst den Iwwerschwemmungen am Asaz, ma och d'Police hat mat 30 Asätz genuch ze dinn.

De Gros vun den Noutriff un den 113 waren deemno wéinst dem staarke Reen a Stroossen, déi ënner Waasser stoungen, sou wéi Géigestänn, déi d'Fuerbunn blockéiert hunn.

Donieft gouf et och eng Rei Accidenter, wou d'Automobilisten d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer hunn a vun der Strooss ofkomm sinn. Meeschtens ass et hei awer beim Materialschued bliwwen. Op der A1 gouf et dogéint awer ee Blesséierten, deen nom Accident op der Tréierer Autobunn géint 23.20 Auer fir d'Kontroll an d'Spidol bruecht ginn ass.

D'Meteo war awer net ëmmer déi eenzeg Ursaach fir d'Accidenter, virun allem och wéinst dem Alkohol ass et an der Nuecht zu weideren Tëschefäll op de Stroossen uechter d'Land komm. Sou och géint 23 Auer an der Géigend vu Meesebuerg, wou en Auto an e Gruef gerutscht ass. De Chauffer, dee vu Blessure verschount bliwwen ass, konnt kuerz Zäit drop doheem ugetraff ginn. Wéi sech erausgestallt huet, stoung hien ënnert staarkem Afloss vun Alkohol a krut doropshin de Permis agezunn.

Ee weidere Verkéiersaccident gouf et da géint 0.30 Auer op der Route d'Arlon zu Stroossen, wou eng Persoun Farerflucht begaangen hat, nodeems e mat sengem Gefier an en anert gerannt war, dat op der Säit vun der Strooss geparkt war. Eng Unitéit vun der Police konnt den Auto doropshin op engem Parking fannen an do dernieft och eng Persoun, déi ze Fouss ënnerwee war. Dës war och alkoholiséiert an et gouf Protokoll erstallt.

Géint 6.15 ass dann nach een Auto op der N12 tëscht der Éimeschbaach a Stackem accidentéiert, deen an enger Kéier d'Kontroll verluer hat. D'Gefier ass an de Stroossegruef gerutscht an huet sech iwwerschloen. Béid Persounen am Auto sinn dobäi awer ouni Blessure bliwwen. Wéi sech erausstelle sollt, stoung och hei de Chauffer ënner Afloss vun Alkohol. Géint hie gouf Protokoll erstallt.