Keng Tarifautonomie, keng Finanzinvestisseuren an Dokteschgesellschaften
D'Gesondheetsministerin Martine Deprez ass formell a seet, si wëll keng Zwou-Klasse-Medezin.
CSV an DP bleiwen also bei deem, wat am Koalitiounsaccord ofgemaach ass: D’Dokteren, déi zu Lëtzebuerg wëlle schaffen, musse mat der Gesondheetskeess CNS konventionéiert sinn. Dat heescht, datt si, fir all d’Versécherte vun der Gesondheetskeess just iwwert d’CNS däerfen ofrechnen a keng Privatmedezin niewelaanscht maachen.
Dat ass net nom Goût vun der Doktesch an Zänndoktesch Associatioun AMMD. Déi huet jo d’Konventioun gekënnegt, fir Drock op anere Punkten ze maachen. Si fuerdert an hirem Communiqué just nach e partielle Konventionnement an Tarifautonomie, dat heescht, datt si selwer de Präis fir hir Soine festsetzen.
D’Ministerin ka sech och net virstellen, datt d’Dokteren, esou wéi si et fuerderen, an Zukunft hir eegen Tariffer festleeën: "Wa si den Tarif selwer festleeën, dann diskutéiere se jo mat kengem, fir den Tarif festzeleeën. Da si mer am Fong jo schonn an der total liberaliséierter Dokteschwelt ënnerwee, well wie seet dann, deen ee freet da 70 Euro, deen aner 80 Euro fir een Akt, wie geet dann do soen, 'bei wie ginn ech elo, bei wie soll ech goen?', an opgrond vu wat leet d'CNS da fest, wat se rembourséiert. Si ka jo dann net soe 50%, well bei deem enge sinn et da 50% vu 70 Euro, bei deem aner 50% vun 80 Euro, dat geet jo net. Dat heescht, déi Fro kann een esou global net stellen. Also kommen ech zréck op déi éischt Fro. Mir wëlle keng Zwou-Klasse-Medezin."
D’CNS an d’AMMD hunn elo 12 Méint Zäit, fir eng nei Konventioun ze verhandelen. Wann dat net klappt, seet d’Martine Deprez, da géif e Reglement geholl, esou wéi dat zum Beispill scho fir de Remboursement vun der Psychotherapie gemaach gouf, fir datt d’Patiente weider rembourséiert gi wéi bis ewell.
Wat d'Reforme vum Gesondheetssystem u sech uginn, hat d'Martine Deprez der AMMD jo versprach, séier en neie Projet de loi virzeleeën, deen Dokteschgesellschaften erméiglecht. Dee Plang soll och agehale ginn.
Ma och do wëll si der AMMD net op alle Punkten noginn, déi wëll, datt Finanzinvestisseure sech däerfen un den Dokteschgesellschafte bedeelegen. "Nee, mir ginn esou wéi bei den Affekoten dorobber hin, datt keng Finanzinvestisseuren däerfen am Verwaltungsrot vun esou enger Societéit däerfe present sinn. Kategoresch."
Dat schléisst net aus, datt esou Finanzinvestisseuren en Immobilieprojet maachen an d'Praxissen ariichten, déi d’Dokteschgesellschaft loune geet, seet d’Gesondheetsministerin. "Mee an der Societéit vun den Dokteren däerfe keng Finanzinvestisseuren dobäi sinn, respektiv, wa Kapital investéiert gëtt, muss et dem Dokter gehéieren an net engem externen."
D’AMMD verlaangt ausserdeem, datt all Restriktiounen opgehuewe ginn, duerch déi verschidden Interventiounen de Moment de Spideeler an hiren Antenne virbehale sinn. D'Martine Deprez rechent domat, datt si "Enn des Joers, Uganks nächst Joer der Regierung kann e Projet presentéieren, wéi déi Servicer, déi elo schonn an de Sites supplémentaires ugebuede ginn, eventuell zesumme mat Societéiten ausserhalb vun der Gestioun vun engem Spidol ugebuede ginn."
D’Evolutioun wier also follgend: D'Dokteren däerfe sech an Zukunft a Gesellschaften zesummendinn. Déi dierften dann och déi nämmlecht ambulant Behandlunge maachen, wéi d’Spidolsantennen, sou wéi d’Imagerie a geschwë kleng dermatologesch oder ophtalmologesch Interventiounen.
Op deem Punkt ass d’Ministerin also bereet, de Fuerderunge vun den Dokteren entgéintzekommen. "Dat hu mer mateneen diskutéiert, dat hunn ech hinnen esou offréiert. Dat geet hinnen de Moment net duer, fir ze soen: 'Yuppi, mir sinn d’Accord domadder'."
Dat läit warscheinlech do drun, datt d’Ministerin awer net bereet ass, fir d’medezinesch Versuergung zu engem fräie Marché ze maachen. D’autant plus, datt d’AMMD verlaangt, datt d’Käschte vun de Cabinete solle vun der CNS en Charge geholl ginn. Mee och wann d’Ministerin prett ass, fir driwwer ze schwätzen, datt net just medezinesch Akte kënne verrechent ginn, wäert et net esou sinn, datt sech d’Dokteschgesellschafte kënnen néierloossen, wou se wëllen, do privat Minikliniken opmaachen a vun der CNS Ekipement fiancéiere loossen, dee schonn an de Spideeler ass.
D’Martine Deprez seet: "Also fräie Marché, wann de Staat finanzéiere soll, an esou wéi ech dat verstanen hunn, soll de Staat jo awer finanzéieren, dann ass et och um Staat, de Kader ze setzen, fir ze soen, do muss en Avis do si vun enger Kommissioun, do muss gekuckt ginn, mécht dat Sënn, dat op där Plaz ze maachen oder net, wat ass d’Anzugsgebitt vun deem Service. Ass dat néideg, dat ze maachen, do wou mer et elo wëlle maachen. All déi Diskussioune mussen dann emol lafen. Prinzipiell ass et OK fir eis, datt dat onofhängeg vum Spidol an deene Servicer gemaach gëtt, déi elo schonn am Spidolsgesetz ofgebillt sinn, mee mir mussen dat dann analyséieren, ob dat dann op deene Plazen, wou et da gewënscht ass, och Sënn mécht."
D’AMMD versprécht, datt d’Interventioune manner kaschten, wann d’Doktere se kënnen an hire Cabinete maachen. Ma d’Martine Deprez seet, dat géing dovun ofhänken, wéi d’Infrastruktur ausgelaascht gëtt. Do géif een elo mat den éischte Spidolsantennen Erfarunge sammelen.