Déifstall, Drogen a Gewalt matten am Dag

© Envato Rawf8
An der Stad koum et um Donneschdeg Nomëtteg zu zwee Iwwerfäll. Zu Angelduerf konnt en alkoholiséierte "Client" seng Patten a säi Messer net bei sech halen.
Zu Angelduerf gouf der Police en Donneschdeg Nomëtteg an engem Geschäft en alkoholiséierte Mann gemellt, dee geklaut an dobäi e Messer gewisen hat. Nach op der Plaz konnt de presuméierten Täter ugetraff ginn. Géint hie gouf e Protokoll erstallt, a wéinst sengem Zoustand koum en, no enger Visitt beim Dokter, an den Arrest.
An der Stad war et am Laf vum Donneschdeg Nomëtten en Iwwerfall an der Stater Avenue Pescatore. Éischten Informatiounen no krut d'Affer vun zwee Täter den Handy geklaut. En séier Sich blouf ouni Succès. D'Ermëttlunge goufen opgeholl.
Um Kierchbierg op der Avenue John F Kennedy war et ongeféier zur selwechter Zäit en Iwwerfall vu méi Leit op zwou Persounen. Wéi déi sech gewiert hunn, koum et zu Handgräiflechkeeten, an um Enn goufen eng Jackett a Boergeld geklaut. D'Täter konnte flüchten. Och hei goufen Ermëttlungen an d'Weeër geleet.