Een hat e Messer gewisen
Arrestatioun no Sträit tëscht zwee Männer zu Rodange op der Gare

© Envato Symbolbild
Wéi d'Police mellt, hate sech e Mëttwoch am Nomëtteg zwee Männer op der Gare zu Rodange an d'Hoer kritt.
Ee vun de Männer soll e Messer gewisen hunn. Spéider konnt d'Police am Kader vun enger Sichaktioun dëse Mann stellen, deen nawell och fatzeg an d'Glas gekuckt hat. D'Beamte konnten effektiv och e Messer saiséieren. Et gouf protokolléiert. Ma well de Mann duerch säin Zoustand eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien no enger Kontroll beim Dokter an Arrest.
Am meeschte gelies