Abréch am Haiser a Wunnengen, een Iwwerfall a versichten Abroch an Autoen

© RTL Archivbild
E Mëttwoch am fréien Nomëtteg gouf an en Appartement an der Rue du Laboratoire an der Stad agebrach.
De Brigang gouf vun engem Noper gestéiert, wéi d'Police schreift, an ass geflücht.
Spéider gouf et nach en Abroch an en Eefamilljenhaus zu Bëschdref. Hei hat en Onbekannten d'Raim duerchwullt. A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.
Dee selwechten Nomëtteg koum et an der Stad an der Rue de la Chapelle zu engem Iwwerfall. Déi onbekannten Täter hunn dobäi hir Affer menacéiert, hinnen d'Portmonnien ze ginn. Si wieren dobäi handgräiflech ginn. Um Enn hätte si kënne Sue klauen, eng Persoun gouf blesséiert. Eng direkt ageleete Sichaktioun war negativ.
E Mëttwoch den Owend huet e Mann versicht, e puer Autosdieren opzemaachen. Dat war zu Ettelbréck um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte. Eng Patrull konnt de gemellte Verdächtege stellen. Et gouf protokolléiert.