Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien op der traditioneller Rentréespressekonferenz annoncéiert.

D’nächst Joer géing et am Cycle 1.2 un.

Fir den Educatiounsminister ass et e weidere Schrack a Richtung Bildungsgerechtegkeet: Schliisslech geséich een aktuell, dass  nach ëmmer iwwerproportional vill Schüler an de Classique geschéckt géifen, déi doheem Lëtzebuergesch schwätzen. An deem Sënn léisst de Minister d’Kritik net gëllen, dass duerch déi franséisch Alphabetiséierung eng Divisioun an der Gesellschaft géif gefërdert ginn. Déi wier elo schonn do.

D’Gewerkschaften hunn ëmmer nees kritiséiert, dass fir déi zousätzlech Klassen net genuch Säll zur Verfügung stéingen. De Minister relativéiert: Fir d’ganz Land géife grad emol eng 150 Säll feelen an d'’Gemenge missten elo scho wéinst dem Wuesstem vun der Awunnerzuel nobauen. Duerch dee Projet hätt een och 25 Prozent manner Allongementer, esou dass doduerch eventuell méi Säll zur Verfügung stéingen.
 
Am Secondaire soll déi franséisch Offer weider ausgebaut ginn, an et wier een amgaangen, weider Europaschoulen ze plangen. An och an de Beruffsausbildunge soll déi franséisch Offer vun der nächster Rentrée u bei allen DAPen ugebuede ginn. Aktuell ginn et der 39 op Franséisch.

Am Secondaire General annoncéiert den Educatiounsministère scho fir des Rentrée nei Sektiounen: Emol eng Musekssektioun am Michel Lucius, an dann nach am ECG, wou et elo d’Sektiounen „Affaires économiques“ an "Data literacy" ugebuede ginn.

Handwierk: séier Passerell geplangt

Verschidden Annoncen hunn allerdéngs schonn d’Rentrée 2026/2027 betraff: Esou soll et dee Moment fir Leit mat engem Premièresdiplom méiglech sinn, mat just engem Joer Zousaz-Formatioun an eng handwierklech Ausbildung ze wiesselen, e sougenannten DAP raccourci ze maachen. Ëmgekéiert solle Leit mat Technikerdiplom méi systematesch kënnen op eng Héichschoul goen.

Vun der Rentrée 2026/2027 u géif de schoulpflichtegen Alter dann och vu 16 op 18 Joer eropgesat ginn.

Inclusioun bleift Prioritéit

D‘Inclusioun wier weider eng Prioritéit, esou gëtt d‘ Zuel vun den A-EBS ( Assistenzpersonal fir Kanner mat spezifesche Besoinen) vu 50 op 100 eropgesat .Et hätt een zanter der Inclusiounsreform 2017 am Beräich vum spezialiséierte Personal staark rekrutéiert, vun 645 wier d’Zuel vun deem Personal elo op 1845 geklommen, an et wéilt ee virun investéieren.

A Schoule mat engem méi schwaachen ekonomesche Background soll et dann an Zukunft och en zweeten I-EBS ginn, also en Enseignant, dee sech ëm d’Prise en Charge vu Kanner mat spezifesche Besoine këmmert.

Weiderhi maachen dës Rentréeën zwee nei soziotherapeutesch Zentren op an d’Schoule sollen an Zukunft méi enk mam ONE (Office national de l’enfance) zesummeschaffen, fir bei Problemer doheem méi adequat kënnen ze reagéieren.

Ëmgang mat KI

Aktuell schafft de Bildungsministère un engem Kompass fir den Ëmgank mat kënschtlecher Intelligenz. Hei ass et d’Fro, vu wéi engem Alter un d’KI aktiv soll dierfen an de Schoulklasse genotzt ginn. Hei ass et d’Suerg, dass déi Jonk net méi géife léieren, sech selwer auszedrécken, wa se ze vill op d’KI zeréckgräifen.