CGDIS
Blesséierten no Accident op A13 an Dampentwécklung a Souterrain um Kierchbierg
© RTL Archivbild
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg den Owend zu zwee Virfäll.
Géint 19.20 Auer koum et op der A13 op der Héicht vum Tunnel Munneref zu engem Accident mat engem Won. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.
Gedämpt hat et dann nach géint 2.25 Auer um Kierchbierg am Souterrain vun engem Parking. Hei ass kengem eppes geschitt. D'Stater Beruffspompjeeën an d'Kolleege vun Sandweiler a Jonglënster waren op der Plaz.
Am meeschte gelies