Eng 150 Aussteller sinn dës Woch op der Studentefoire ze fannen
© Christoph Hochard
150 Aussteller kommen en Donneschdeg a Freideg op der Studentefoire um Campus Belval zesummen, fir Schüler iwwer hir Optiounen nom Lycée z'informéieren.
En Donneschdeg an e Freideg fënnt déi 39. Editioun vun der Studentefoire um Campus vun der Uni.lu um Belval statt. Organiséiert vum Ministère fir Recherche an Héichschoulen, an Zesummenaarbecht mat der Studentevertriedung ACEL, versprécht den Event dëst Joer eng 150 Aussteller zesummenzebréngen, fir de Schüler eng Iwwersiicht vun Universitéiten a gläichzäiteg och eng Asiicht an d'Aarbechtswelt ze bidden.
Nieft de Vertrieder vun de verschiddenen Universitéiten a Studentenassociatioune wäert och de Ministère present sinn, fir den Austausch mat de Schüler ze sichen an dës iwwer déi verschidde finanziell Hëllefen ze informéieren.
No ville Joren an der Luxexpo ass et domat elo déi véierte Kéier hannereneen, datt d'Foire um Belval ofgehale gëtt. Den 30. Oktober wäert se vun 9 bis 18 Auer op sinn, den 31. Oktober vun 9 bis 16 Auer. D'Entrée ass gratis.
Méi Informatioune ginn et op studentefoire.lu.