Den H5N1-Virus, och bekannt als Vullegripp, ass wuel den Horror vu jidderengem, dee Gefligel hält.

An eisen Nopeschlänner mussen den Ament honnertdausenden Déieren doutgemaach ginn. Zu Lëtzebuerg goufe bis elo eenzel Fäll vum Virus bei Zuchvigel gemellt. Do schéngt de Virus massiv ze zirkuléieren an natierlech ass de Risiko grouss, datt e sech och hei am Land ënnert dem Haus-Gefligel ausbreet.

Vullegripp zu Lëtzebuerg? / Dany Rasqué

Dat seet den Dokter Félix Wildschutz, den Direkter vun der Alva, der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung. Si huet déi lescht Woch scho Mesuren erausginn, fir de Risiko esou kleng wéi nëmme méiglech ze halen.

De Luc Emering huet 6.000 Biohénger, rezent goufe Solarpanneauen ageweit, ënnert deene si liewen, mä den Ament hu se - just zu hirem Beschten - wuel eppes ewéi Hausarrest:

"An éischter Linn ass natierlech e permanenten Openthalt just an den zouene Ställ méiglech. Mir hunn do och Wantergäert zum Beispill, datt si trotzdeem mam Ausseklima a Kontakt sinn, mee se eeben net kënnen erauskommen. Dat ass déi éischt Mesure, datt se, wéi gesot, net an de Parcoursë sinn. Déi zweet Mesure ass, dass déi Leit, déi an de Stall eraginn, permanent sollen hir Kleeder wiesselen, d'Stiwwelen desinfizéieren a sou weider, dass wierklech d'Hygiènesmesurë grouss sinn."

Dat ass néideg, well de Virus extrem ustiechend ass an och ausserhalb vun engem infizéierten Déier nach laang iwwerlieft. An den Exkrementer kann dat méi wéi e Mount sinn. Wann et e Fall ënnert dem Haus-Gefligel gëtt, da bleift just eng Méiglechkeet, och am Sënn vum Déierewuel:

"Wann et konkreet e Fall gëtt, dee Virus, dee geet immens séier vun Déier zu Déier weider, sou dass wierklech d'Mortalitéit an esou engem Stall innerhalb vun Stonnen, Deeg, extreem an d'Luucht geet. An deem konkreete Fall, deen ee sech wierklech net erhofft, ass effektiv Keulen déi eenzeg Optioun, fir d'Déieren éischtens net ze vill leiden ze loossen an zweetens, och fir de Virus méiglech anzegrenzen an net weider ze propagéieren."

Den Dokter Félix Wildschutz seet, seng Verwaltung wier op den Eeschtfall virbereet:

"Wann dat elo kléng Betriber sinn oder eventuell Fäll bei Hobbyhalter, do kënne mir vun der Alva natierlech aktiv ginn. Wann dat elo gréisser Betriber, professionell Betriber sinn, do gräife mer op eng Firma zeréck déi Keulunge kënne maachen."

Déi professionell Ziichter hoffen, datt sech och am Privaten un d'Precautiounsmoossname gehale gëtt an och d'Alva zielt op d'Mataarbecht vun den Hobbyhalter:

"Vill Hobbyhalter sinn an enger Associatioun regroupéiert, dat ass d'USAL. Mir sinn a permanentem Kontakt mat de Leit vun där Vereenegung, fir och hir Leit ze sensibiliséieren an deen Ament, wou e Verdacht opdaucht, dass se deen Ament hire Veterinär kontaktéieren a mer kënnen och Analyse maachen, fir eventuell de Fall ze confirméieren."

Eng Impfung géint den H5N1 gëtt et nach net. An Europa gëtt e Vaccin getest, seet de Félix Wilschutz. Dat si Pilotprojeten a Frankräich, an Holland an an Italien. Kuerzfristeg, dëst oder d'nächst Joer, kënnen domadder awer nach keng Déiere virun der Vullegripp geschützt ginn.

Am Fall wou Déiere gekeult ginn, ginn d'Leit vum Staat entschiedegt, mä Ziichter wéi de Luc Emering weisen drop hin, dass dat en Ausfall vun ongeféier engem hallwe Joer dauert. Eng Zäit, an där de Client warscheinlech eng aner Plaz fonnt huet, wou hien akeeft.