Groussen Interêt a grousst Mësstraue vis-à-vis vun der Politik

Dat geet aus dem neiste Polindex ervir, deen ënnersicht, wat déi aktuell Tendenzen an der Gesellschaft sinn. Am Ganze goufen 3.274 Leit gefrot.
De Polindex 2025 huet d’Schwéierpunkten op déi sozioekonomesch Situatioun, ideologesch Positiounen, Vertrauen an d’Politik, Status vun der Demokratie a geopolitesch Positioune gesat.
Bei de Preoccupatioune vun den Awunner stinn déi materiell Froen am Mëttelpunkt: als gréissten Defi gesi Lëtzebuerger wéi Auslänner de Logement, d’Santé, an d’Erhale vun der Kafkraaft. Bei den Auslänner ass deen ekonomeschen Aspekt nach méi staark. Dat erkläert de Politikwëssenschaftler Philippe Poirier domat, dass auslännesch Residenten op Lëtzebuerg kommen, fir hir Situatioun ze verbesseren.
Bal 70 Prozent ginn un, dass déi aktuell Regierung net an der Lag ass, d’Inflatioun am Logement ze bremsen.
Opfälleg ass dobäi, dass bei de Lëtzebuerger 35 Prozent keng vun den etabléierte Parteie fir capabel halen, déi Erausfuerderungen ze léisen. Bei den auslännesche Matbierger sinn et esouguer 46 Prozent.
Grousst Mësstraue vis-à-vis vun der Politik
Zwar soe sech 73 Prozent vun de Lëtzebuerger an 53 Prozent vun den auslänneschen Awunner interesséiert un der Politik, mee gläichzäiteg ass do e grousst Mësstrauen. 57 Prozent respektiv 54 Prozent ginn dat un. D’Leit wënsche sech generell méi eng direkt Politik, zum Beispill iwwert Referenden (54%). Dass d’Demokratie dee beschte politesche System wier, fannen ëmmerhin 80% vun de Befroten. Bei den Ursaache fir Onzefriddenheet mam System läit d’Gefill virop, dass d’Politik sech net ëm d’Suerge vun den "normale Leit" këmmert (67% vun de Lëtzebuerger), duerno kënnt e Gefill vun impuissance a sech vum politesche Liewen ausgeschloss ze fillen.
Bei de vertrauenswierdegsten Institutioune läit d’Gesondheetskeess CNS bei béide Gruppen op Plaz 1, duerno kommen d’Justiz an d’Arméi. Op der leschter Plaz leien déi sozial Reseauen, deenen dräi Véierels vun de Befroten net trauen. Et wier also kengesfalls esou, dass een an engem Zäitalter vun absolutter Dominanz vun de soziale Medie géing liewen, erkläert de Philippe Poirier.
Politesch fanne sech d'Lëtzebuerger éischter Mëtt lénks, an d’auslännesch Residente liicht méi an der Mëtt riets. Bei der Fro zu engem Auslännerwalrecht si 40 Prozent vun de Lëtzebuerger dofir, bei den auslännesche Residente sinn et der 64 Prozent.
Als grousse politeschen Defi stellt de Polindex 2025 fest, dass et nees e méi direkte Lien tëscht Politik a Leit gi muss, an dass et net mat weidere Consultatiounsmesurë gedoe wier. Generell géifen déi auslännesch Residentë grad esou zur Gesellschaft gehéiere wéi déi Lëtzebuerger, d’Valeure vun den zwou Gruppe géife sech ëmmer weider openeen zoubeweegen. D’Gesellschaft vum wirtschaftlechen Iwwerfloss misst sech zu enger vu politeschen Decisiounen an engem gemeinsame politesche Langage entwéckelen.
Krich an der Ukrain an a Palästina
Eens si sech déi Befrote bei der Suerg ëm déi ekonomesch Konsequenze vum Ukrainkrich - eng Suerg déi och no der Wal vum Donald Trump besteet. Hei ass et bei béide Gruppen och d’Suerg virun der Verstäerkung vun antidemokrateschen Tendenzen. Positiv gesinn d’Leit allerdéngs, dass d’Reelektioun vum Trump zum Ufank vun engem Friddensprozess tëscht der Ukrain a Russland féiere kéint.
Eens si sech Lëtzebuerger an Auslänner dann och bei der Ausso, e palästinensesche Staat unzëerkennen an den Defense-Budget eropzesetzen.