Bis dat nächst Joer sollen 80 Prozent vum Eeweeplastik agesammelt ginn, sou gesinn et déi europäesch Verpackungsreegele vir.

Bis 2029 sollen et esouguer 90 Prozent sinn. Aktuell läit een zu Lëtzebuerg awer grad emol bei tëscht 60 a 75 Prozent. Wann déi europäesch Ziler net erreecht ginn, mussen d'Memberstaaten ee Pfand-System aféieren. Ma wéi einfach géing sech esou ee System zu Lëtzebuerg ëmsetze loossen?

Et hält ee seng Fläsch oder Bécks, bréngt se zeréck an d'Geschäft a kritt dofir een Deel vun de Suen zeréck. Dee System gëtt et bei eisen däitschen Nopere schonn iwwert 20 Joer. An op d'mannst bei Glasfläschen ass en och bei eis keng Neiegkeet. Ma bei Fläschen aus Plastik a Béchsen, déi mer eis am Grand-Duché awer méi schwéier, wéi den Direkter vu Valorlux, Claude Turping, erkläert:

"Den Haaptgrond, firwat de Pfand fir Lëtzebuerg komplizéiert ass, ass, datt eise Schätzungen no 90 Prozent vun deem, wat hei zu Lëtzebuerg consomméiert gëtt, virun allem Gedrénks, aus der Belsch kënnt. Wa Lëtzebuerg ee Pfand-System eleng op d'Been stelle wéilt, géing dat entweder bedeiten, datt all eenzel Fläsch separat ëmetikettéiert misst ginn, wat een enormen Opwand wier, ausgepaakt, etikettéiert an da rëm eng Kéier konditionéiert, fir an de Supermarché oder soss anzwousch ze goen oder datt een einfach géing soen, mir akzeptéieren an eisem Pfand-System all Fläsch vun deem Typ."

Dat géing dann heeschen, datt d'Frontalieren an Touristen hir Fläsche vun doheem matbréngen a géint Pfand zu Lëtzebuerg ëmtausche kéinten.

Wann ee mat Leit aus dem Gedrénkssecteur schwätzt, da sinn déi zwar net kategoresch géint ee Pfand-System, mee si weisen awer dorobber hin, datt nach eng Partie Froen ze kläre bleiwen. De Fabien Cesarini, Responsabele fir d'Drinx-Butteker an de Marketing beim Dépositaire Munhowen, gëtt ee Beispill:

"Qu'est-ce qui se passe entre le moment où on récupère ou le client nous ramène ses bouteilles en plastique et le moment où elles seraient récupérées par un organisme tiers? Parce que les bouteilles en plastique ne sont pas pensées pour être stockées une fois utilisées, contrairement aux verres consignés qui, vendus dans des casiers, sont facilement empilables, facilement stockables. Donc c'est vrai que si ça devait arriver aujourd'hui à cette transition entre le moment où on récupère les bouteilles ou elles sont récoltées par la personne qui va les revaloriser, qon est dans une inconnue complète."

Esouwuel bei Valorlux wéi bei Munhowen verweist een zudeem dorop, datt ee Pfand-System mat héije Käschte verbonne wier. Een Automat, an deen een d'Fläsche werfe kann, kascht dem Claude Turping no 40.000 Euro. Wann een en änlech enkt Netz wéi an Däitschland wéilt hunn, bräicht een eng 350 där Automaten. An dat wieren dann och nees anerer wéi déi, déi et aktuell scho fir d'Glasfläsche gëtt.

Bei Munhowen setzt een dann och virun allem op Glasfläschen, déi och ëmmer besser vun de Cliente géingen ugeholl ginn, esou d'Patrone Isabelle Lentz.

"Wat mir als Betrib maachen, ass einfach den Impakt méi op de Mehrweg an op d'Glas ze setzen, well d'Leit awer ëmmer méi responsabel sinn. Si wëssen a si sech bewosst, datt d'Mehrwegglas awer immens ekologesch ass an dat sinn natierlech och lokal Circuiten, déi kuerz sinn an dat ass fir d'Ëmwelt natierlech och immens positiv."

Mëttlerweil géinge Mehrwegfläsche scho ronn d'Hallschent vum gesamte Volume ausmaachen. Gläichzäiteg weist ee sech mat Bléck op ee méigleche Pfand-System awer och pragmatesch, wann dee kéim, da kéint een deen relativ séier ëmsetzen.

Et schéngt awer éischter onwarscheinlech ze sinn, datt esou ee System hei am Land kuerzfristeg agefouert gëtt. Fir den Taux vum Eeweeplastik, deen agesammelt gëtt, ze bestëmmen, rechent een zu Lëtzebuerg nämlech dee Plastik, deen an d'Ausland geet, eraus. Do ginn et zwou Berechnungsmethoden, woubäi den Taux awer ënnerschiddlech ausfält. Et kéint also sinn, datt déi Method geholl gëtt, där hiert Resultat am beschte passt.