Zwee Abréch a falsch Parken ënner Afloss vun Drogen

© Domingos Oliveira - rtl.lu
D'Police mellt aus de leschte Stonnen zwee Abréch an Autoen an en Automobilist dee falsch geparkt hat fir ze kiffen.
En Donneschdeg Nomëtteg gouf zu Rued-Syr an der Rue Aloyse Hoffmann an e Gefier agebrach. Ob a wat geklaut gouf vun onbekannten Täter, ass net gewosst.
Zu Sprénkeng an der Rue de la Gare gouf och an en Auto agebrach. Hei gouf e Portmonni geklaut. A béide Fäll goufen d'Ermëttlungen opgeholl.
Zu Ettelbréck an der Rue Prince Henri war dann enger Patrull e Gefier opgefall, dat op der Parkplaz fir Liwwerween stoung. Bei der Kontroll vun de Passagéier gouf de Geroch vu Cannabis constatéiert. Beim Chauffer war den Drogentest positiv, sou dass hie wéinst Fueren ënner Drogenafloss protokolléiert gouf.