Um Freide Moien war et um Stater Contournement no engem Accident zu vill Stau komm. Méi spéit am Moie war zu Hoen eng Kichen a Brand geroden.

Kuerz viru 7 Auer hate sech um Gaasperecher Kräiz a Richtung Kierchbierg zwee Gefierer ze pake kritt. Well eng Bunn blockéiert war, hat et bis an de Beräich vu Stroossen zréckgestaut. Bei deem Accident ass eng Persoun verwonnt ginn.

Géint 10.20 Auer gouf vun Hoen e Kichebrand gemellt. D'Zentere Stengefort, Mamer a SaDiff hate sech ëm de Problem gekëmmert.

Nozedroe bleift vun en Donneschdeg den Owend e Motard, dee kuerz no 18 Auer tëscht Hemstel a Bruch gefall war. Mat der Ambulanz vu Jonglënster koum hie blesséiert an d'Spidol.