D'Vereenten Natiounen hu kloer fir eng Léisung mat engem israeeleschen a mat engem palästinensesche Staat gestëmmt. D'USA, Ungarn an Israel waren dogéint.

Op der Generalversammlung vun de Vereenten Natioune gouf sech dofir ausgeschwat, nieft dem israeelesche Staat och e palestinensesche Staat ze schafen. Gläichzäiteg war et déi ausdrécklech Fuerderung, déi radikal-islamistesch Hamas, déi d'Gazasträif kontrolléiert, z'entmuechten.

Mat 142 Jo-Stëmme gouf e Freideg Owend eng entspriechend Resolutioun ugeholl. An deem Dokument gëtt och gefuerdert, dem Krich an der Gazasträif direkt en Enn ze setzen. UN-Blohelmzaldote sollen op der Plaz de Fridde garantéieren. 10 Länner hunn dogéint gestëmmt, an 12 hu sech enthalen.

Géint dës Resolutioun hunn nieft Israel, och d'USA an Ungarn gestëmmt. D’israeelesch Regierung huet schaarf Kritik un der Resolutioun geüübt, d’Palästinenserautoritéit huet se begréisst.

Vëlkerrechtlech gesinn huet dës Ofstëmmung awer kee Gewiicht. Israel kann deemno net gezwonge ginn, dem Krich en Enn ze setzen. Lëtzebuerg an och Däitschland hunn dofir gestëmmt. Ausgeschafft gi war de Papier vu 17 Länner, dorënner Groussbritannien, Kanada, Brasilien a Jordanien.