Eng 70 Leit sinn e Méindegmoie virun der Chamber zesummekomm, fir fir d'Recht op den Avortement ze demonstréieren.

An der Chamber ass jo ee Gesetzesprojet um Instanzewee, fir dat Recht an der Verfassung verankeren ze loossen. De Manifestanten no wier dat wichteg, fir datt d’Recht op Ofdreiwung onofhängeg vu politesche Changementer erhale bleift. Beispiller aus dem Ausland géife weisen, datt dat politescht Klima séier ännere kann. D’Recht op den Avortement dierft dowéinst net op d’Spill gesat ginn, an eng Verankerung an der Konstitutioun wier dohier néideg.

Och op déi rezent Aussoe vum Kardinol Jean-Claude Hollerich bei eis op der Antenn e Samschdeg hu verschidden Demonstrante reagéiert. De Kardinol hat jo gesot, dass eng Verankerung vum  Avortement an der Konstitutioun e "schwaarzen Dag an der Lëtzebuerger Geschicht" wier. Et wier een iwwert déi Aussoen entsat gewiescht, an et kéint een d’Argumentatioun vum Kardinol net novollzéien.

Organiséiert gouf d’Demonstratioun vum Planning Familial.