ING deelt mat
124 Plaze sollen iwwert e Sozialplang ofgebaut ginn

© Domingos Oliveira
D'ING confirméiert um Dënschdeg via Communiqué RTL-Nouvellen, an zwar datt d'Bank weider Servicer an Aarbechtsplaze reduzéiert.
124 Plaze sollen iwwert e Sozialplang ofgebaut ginn. D'Bank wëll sech nämlech méi op de Private Banking an den Wholesale konzentréieren, also op de privaten Invest vu gréisseren Zommen an op grouss Geschäftsclienten.
Dogéint géif de Business Banking, mat Servicer wéi Immobiliëkreditter, Spuercompten asw. an den nächste Méint progressiv verschwannen.
Am meeschte gelies