6.000 Hénger gackeren zefridden ënnert "hirer" Agri-PV-Anlag
Et ass eng Investitioun an Zukunft. Zu Sprénkeng steet eng Agri-PV-Anlag, déi Stroum fir 920 Stéit ka produzéieren.
Esou Anlage si wichteg, wa Lëtzebuerg seng Ziler wëll erreechen, déi am nationalen Energie- a Klimaplang festgehale sinn. Dodra steet, datt bis a 5 Joer 37 Prozent vum Stroum aus erneierbaren Energië kënnt.
De liberalen Deputéierten Luc Emering huet mat sengem Bauerebetrib an Enovos als Partner e Projet lancéiert, deen net just der Ëmwelt, mä och sengen Hénger zegutt kënnt.
6.000 Bio-Hénger lafen zu Sprénkeng ënnert deene knapp 5.900 Solarpanneauen a fille sech elo méi wuel. Ënnert hirem Iwwerdaach musse se nämlech d'Kueben an d'Héngerdéif net méi fäerten a se sinn och bësse virum Kaméidi vun de Fliger geschützt, déi hinne reegelméisseg iwwert de Kapp fléien.

© Jeannot Ries
E Projet, duerch deen also jidderee gewënnt an deen net op d'Käschte vun der Landwirtschaft geet. Déi zoustänneg Ministesch Martine Hansen, déi dobäi war wéi d'Anlag offiziell ageweit gouf.
"Ech soen ëmmer Agri-PV, do steet Agri vir. Dat heescht d'Agrikultur, eis Liewensmëttelproduktioun muss ëmmer am Vierdergrond sinn. Esou wéi et hei ass, hei lafen d'Hénger drënner, ob si op der fräier Fläch lafen oder op enger iwwerdeckter Fläch, et hëlleft der Liewensmëttelproduktioun, well et dem bien-être de l'animal hëlleft."
D'Anlag ass zënter knapp 6 Méint am Asaz. Eng Zäit an där de Bauer Luc Emering éischt Erfarunge konnt sammelen.
"Eis Erfarungswäerter no engem hallwe Joer sinn, mir hunn eng Südanlag hei, datt se wierklech immens gutt produzéiert, datt se immens gutt vun den Déieren ugeholl gëtt. Si gi wierklech eraus bis op dee leschte Metercarré. Anescht wiere se just ronderëm de Stall. Wat bëssen e batteren Nogoût huet, dat ass, datt mer mat villen Ofschaltungen ze dinn hunn."

© Jeannot Ries
D'Anlag muss mat Amenter ausgemaach ginn, well punktuell ze vill Stroum produzéiert gëtt. De Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles weess, datt d'Späicherkapazitéiten nach e Problem sinn, ma och dodru géif geschafft.
"Dofir hu mer och am Juli d'Späicherstrategie Lëtzebuerg presentéiert, wou mer grad elo dru schaffen, well mer gesinn, dass mer genuch Produktioun hunn, dass mer dann och eng Batteriestrategie kënnen hunn, wou mer Quartiersbatterien hunn, wou mer Reseausbatterien hunn, wou mer all Zorte Batterien hunn, fir och kënnen déi Produktioun weider lafen ze loossen, also manner Ofschaltungen ze hunn an de Stroum och kënnen notzen, wa mer e brauchen."
D'Anlag, déi zu Sprénkeng an der Gemeng Dippech steet huet 3 Milliounen Euro kascht. Fir dat kënnen ze finanzéieren huet de Luc Emering sech mat Enovos e Partner an d'Boot geholl, deen d'Hallschent bezilt.

© Jeannot Ries