Wéi am ganze Land hunn och zu Wolz d'7ièmen hir Rentrée gefeiert

© Marc Hoscheid
De Marc Hoscheid war an de Lycée du Nord op Wolz kucken, wéi déi Jonk an déi nei wichteg Etapp vun hirem Liewe gestart sinn.
No de Primärschoulkanner um Méindeg war et um Dënschdeg un de 7ièmes-Schüler, fir hier Rentrée ze feieren.
An alphabetescher Reiefolleg goufen d'Schüler opgeruff an hu sech dono bei hire Regent gestallt, éier et dann zesummen an d'Klass gaangen ass. Déi Jonk, déi op Wolz an de Lycée ginn, kommen e bëssi aus allen Ecker vum Éislek. Wolz selwer kenne si dacks net wierklech gutt an och vill vun den zukünftege Matschüler hu si nach ni gesinn. Dowéinst ass et net iwwerraschend, datt eng gewëss Nervositéit ze spiere war.
"Ech si bëssi opgereegt, mee ech freeë mech op een neit Joer an ech si gespaant, wat d'Joer bréngt."
"Ech si bëssi gestresst, ech weess net, ob ech mat Leit an der Klass sinn, déi ech kennen. Dat heescht ech hunn nach e bëssi Angscht, datt ech bëssi eleng sinn. Mee ech freeë mech awer hei ze sinn."
Vläicht bëssi méi iwwerraschend haten net just déi nei Schüler, mee och ee gudden Deel vun hiren Elteren um Dënschdeg de Wee an de Wëlzer Lycée fonnt. Mee firwat iwwerhaapt?
"Ma et ass mäin zweet Meedchen an um éischten Dag am Lycée, op 7ième, do wëllt ee si natierlech encadréieren, fir datt se ee gudde Start hunn."
"Well dat ee grousse Changement ass an ech dat net verpasse wollt, a fir datt et ee gudde Start an de Lycée, an eng aner Welt, ass. Et ass alles méi grouss wéi an der Primärschoul an ech gi mengem Jong gär ee gudde Support, fir lo hei an een neit Schoulliewen ze starten."
Zu Wolz huet een dëst Joer eng 240 7ièmes-Schüler, am ganzen drécke bal 1.300 Jonker am Lycée du Nord d'Schoulbänk. A fir si all gëllt vun dësem Joer un, datt den Handy an all de Schoulgebaier Tabu ass. Eenzeg Ausname sinn d'Kantin an ee speziellen Openthaltsraum. Bei där Decisioun wieren nieft der Direktioun an dem Léierpersonal och d'Vertrieder vun den Elteren an de Schüler mat agebonne ginn.