Post iwwerhëlt d'Business-Clientë vun der ING

Betraff sinn heivunner haaptsächlech Independanten esou wéi och kleng a mëttelgrouss Entreprisen.
D'Ëmstrukturatioun bei der ING Bank geet weider. An engem Schreiwes confirméieren d’Bank an d’Post, dass een en Accord fonnt huet, fir d’Business-Clienten eriwwer ze transferéieren.
Concernéiert sinn deemno an der Haaptsaach Independanten esou wéi kleng a mëttelgrouss Entreprisen. Dës ronn 4.500 Cliente vun der ING ginn alleguer ugeschriwwen, dass si via e Gesamtpak kënne bei d’Post eriwwer wiesselen. Se géifen och bei deem Prozess begleet ginn.
D’ING hat jo déi lescht Woch confirméiert, dass ee sech nei ausriicht a sech op de Private Banking vu Clienten an d’Bedeelegung u Betriber wéilt fokusséieren. 124 Plaze sollen och ofgebaut ginn.