D'Police mellt eng Festnam e Mëttwoch den Owend an zwou en Donneschdegmoie fréi am Garer Quartier. Dat wéinst engem Abroch an engem versichten Déifstall.

Wéi d'Police schreift, war hinnen um spéide Mëttwochowend e versichten Déifstall mat Gewalt an der Rue Fort Neipperg am Garer Quartier gemellt ginn. Op der Plaz konnt eng Patrull d'Affer untreffen, dat erkläert huet, datt den Täter handgräiflech gi wieren, wéi d'Affer refuséiert hat, him säin Handy ze ginn. Am Kader vun der Sich no konnt de Verdächtege vun der Patrull gestallt a festgeholl ginn.

Op Uerder vum Parquet koum de Mann en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

En Donneschdeg an der Nuecht géint 3 Auer gouf et iwwerdeem en Abroch an en Appartementshaus an der Rue Lenert op der Gare. Op der Plaz hunn d'Polizisten am Gebai e Mann an de Büroe vun der Entreprise gesinn, dee sech beim Erbléckse vun de Beamten duerch d'Bascht gemaach huet. D'Ermëttlungen hunn allerdéngs erginn, datt zwee Täter um Abroch bedeelegt waren. Bei der Sich no den Täter konnten déi zwee Abriecher och fonnt ginn, déi nach geklaut Géigestänn bei sech haten.

Op Uerder vum Parquet goufe béid Verdächteg festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.