Mataarbechter soll 26.000 Euro fir 6,5 Joer Aarbecht kritt hunn
Um Stater Geriicht sinn e fréiere Patron vun engem Restaurant a seng Fra wéinst Mënschenhandel a Kierperverletzung ugeklot.
D’Erzielunge vun de 6 presuméierten Affer gläiche sech: De Patron hätt geschloen a si verbrannt, en hätt senge Mataarbechter eng normal Pai iwwerwisen, mee se hätten direkt missen d’Suen ophiewen an e groussen Deel boer zeréckbezuelen. Méi wéi ee Joer hätt ee fir näischt oder e kléngt Täschegeld geschafft, fir angeblech Käschten zeréckzebezuelen, well et esou deier wier, zu Lëtzebuerg schaffen ze dierfen. Rekrutéiert hätt déi meescht de Papp vum Beschëllegten am Nepal.
Fräi Deeg hätt et net ginn, d’Aarbechtszäit wier vu moies 7 bis nuets 2 Auer gaangen. Sozial wiere se isoléiert gewiescht, akzeptéiert hätten se déi Behandlung aus Angscht, awer och well se d’Gesetzer an d’Liewen zu Lëtzebuerg net kannt hätten.
Mataarbechter huet nach ëmmer Angscht
Engem jonke Mann am blo-wäisse Pullover fält et schwéier, viru Geriicht ze erzielen, wat him soll geschitt sinn, e puer Mol gëtt hien opgefuerdert, méi haart ze schwätzen. Jo, hie wier geschloe ginn, wann en eng Aarbecht falsch ausgeféiert hätt, a jo, wéinst Schléi op seng Hand kéint hien haut keng Fauscht méi maachen.
Hien hätt och en Deel vu senger Pai nees ophiewen an dann un den ugekloten Ex-Patron R. zeréckbezuele missen. D’Geriicht hält him d’Rechnung vun der Police fir: 111.000 Euro hätt den Här R. him vun Abrëll 2016 bis September 2021 ausbezuelt, hien hätt dovunner awer 85.000 Euro un de Patron zeréckbezuelt. "Jo, dat stëmmt".
Firwat hien nach ëmmer esou intimidéiert wier, freet d’Geriicht. "Mir si Famill, an dowéinst hunn ech Angscht", erkläert d’Affer. Hie wier elo an enger besserer Situatioun an e wier am léifste guer net op d’Geriicht komm. Och d’Plainte bei der Police hätt hien net wëlle maachen. Hie schafft haut nees an engem Restaurant. "Ech wëll net méi geruff ginn, ech wëll mäin eegent Liewe liewen", sou dem Affer seng Ofschlosswieder. Eng Entschiedegung wéilt hien net.
En aneren erzielt, hien hätt reell fir 100 Euro de Mount geschafft : "40 Euro hunn ech gespuert, fir 5 Euro d’Woch hunn ech Bréidercher kaf, wann nach eppes iwwreg war, hunn ech 1-2 Béier kaaft".
Pass a Bankkaarten ofgeholl
"Wéi ech eng Kéier eppes gedronk hu, well ech Duuscht hat, krut ech 50 Schléi op d’Ouer", erzielt en anere Kach, dee vun 2013 bis 2016 beim Här R. geschafft huet. Hie wier dunn néier gaangen, ma dunn hätt den Här R. déi aner Mataarbechter nach opgefuerdert, hien ze schloen. Och him gouf gesot, hie misst ee Joer fir näischt zu Lëtzebuerg schaffen, fir seng Scholden ofzebezuelen. D’Aarbecht wier him vum Papp vum Restaurateur am Nepal offréiert ginn. A Fro gestallt hätt hien dat net: "Ech hunn hinne vertraut, ech hat do keen Zweiwel, mir si jo och Famill".
Wéi säi Papp 2016 am Nepal gestuerwe wier, hätt de fréiere Kach no laangem Hin an Hier zwar dohinner fléien dierfen, mee de Papp vum Beschëllegten hätt säi Pass dohannen abehalen, an och Bankkaarten an aner Dokumenter hätt hie missten ofginn. D’ganzt Duerf hätt zu dem Zäitpunkt seng Blessure gesinn, mee dee Moment hätt hie weder Suen nach Energie gehat, sech ze wieren. Zeréck gaangen wier hien ouni Pass dann net méi, eréischt duerch d’Police wier hien 2022 zeréck op Lëtzebuerg komm.
2017 goufen dunn nach emol 11.000 Euro vu sengem Kont opgehuewen, ma d’Affer betount viru Geriicht, et hätt déi Suen net kritt.
Roll vun der Fra
D’Madamm R. ass grad ewéi hire Mann ugeklot. D’Affer betounen allerdéngs, si selwer hätt net geschloen. Och si wier schlecht vun hirem Mann behandelt ginn, wann se net gemaach hätt, wat dee gesot hätt. Si hätt selwer Angscht virun hirem Mann gehat.
Déi zwee Accuséiert weisen d’Reproche vu sech, fir de Me Kreutz vun der Defense gëtt et am Dossier kee Beweis, dass déi vun der Geriichtsmedezin dokumentéiert Blessure wierklech vum Här R. verursaacht goufen.
Op Mënschenhandel mat Gewalt stinn 10 bis 15 Joer Prisong, an dee läit fir d’Partie civile kloer fir. Hire Cliente géing et besser goen, erkläert d’Me Sadler, déi gläichzäiteg Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun ass. De fréiere Mataarbechter géing et net ëm eng Strof goen, mee dass dat, wat hinne geschitt wier, unerkannt gëtt.