En Donneschdeg am fréie Moien
Festnam no Abroch an Haus am Neiduerf an der Stad

Kuerz virun hallwer 5 en Donneschdeg de Moien gouf en Déifstall an engem Haus an der Rue des Carrières am Neiduerf gemellt.
Éischten Informatiounen no sollen hei zwee Täter op eng Terrasse geklommen an iwwert eng Dier déi opstoung an d'Haus erakomm sinn. Eng Patrull vun der Police konnt déi presuméiert Täter kuerz Zäit dono stoppen. Béid Persounen haten Objeten déi geklaut goufen dobäi. Dës goufen dem Besëtzer vum Haus zeréckginn.
Op Uerder vum Parquet goufe béid Persoune festgeholl. Si haten en Donneschdeg de Moie Rendez-Vous beim Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies