Kand am Auto ouni Kannersëtz, kee Gurt, keng Pabeieren

© RTL Archiv
En Donneschdeg de Moien huet d'Police eng grouss-ugeluechte Kontroll an der Rue Woiver zu Déifferdeng duerchgefouert.
Am Ganze goufe 14 Verstéiss géint de Code de la Route festgestallt.
Aacht Persounen, dovunner ee Chauffeur a siwe mannerjäreg Passagéier, hate kee Gurt un. Hei huet de Chauffeurvum Auto missen 145 Euro bezuelen a krut 2 Punkten ofgezunn.
A fënnef weidere Fäll goufe leit da mat Protokoller verwarnt, well et Onreegelméissegkeete bei de Pabeiere vum Auto gouf, dat dräi Mol bei der Steiervignette, eemol beim Contrôle Technique an eemol bei der groer Kaart.
Dobäi koum dann och nach ee Chauffeur, dee verwarnt gouf, well dësen e Kand transportéiert huet, ouni de gesetzlech virgeschriwwene Kannersëtz. Och hei huet missen e Protokoll vun 145 Euro bezuelt ginn an 2 Punkte ware fort.