Den IPESS soll de Sportsveräiner hëllefen, professionell Mataarbechter ze fannen

D'Federatioune sollen als Intermédiaire tëscht dem IPESS an de Veräiner, déi d'Käschte selwer droe mussen, déngen.
An deene leschten 20 Joer ass d'Populatioun zu Lëtzebuerg ëm 217.000 Leit gewuess, gläichzäiteg ass d'Zuel vun de Sportsveräiner awer zeréckgaangen. Tëscht 2004 an 2024 hu sech 172 Veräiner opgeléist, sou datt et der am Grand-Duché aktuell nach 1.287 gëtt. Als ee Grond fir déi Entwécklung gesäit een am Sportsministère de Manktem u Benevollen. Fir deen auszegläichen, wëllt een de Veräiner hëllefen, sech méi professionell opzestellen.
"Initiative pour la promotion de l’emploi dans le secteur du sport", kuerz IPESS, sou heescht den Etablissement public, deen am Koalitiounsaccord virgesinn ass an elo Realitéit gëtt. Dësen huet an éischter Linn d'Aufgab, Leit astellen, déi dono de Sportfederatiounen a vun dësen da rëm de Veräiner zur Verfügung gestallt ginn. Dobäi handelt et sech esouwuel ëm Trainere wéi och ëm Leit, déi sech zum Beispill ëm déi administrativ Aufgabe këmmere kënnen. Fir déi passend Leit ze fannen, setzt een ënnert anerem op déi zwee nei BTS-Studiegäng Sportcoaching a Sportmanagement, déi vun der Rentrée 2027 un am Bouneweger an am Sportslycée ugebuede solle ginn. Mee et sicht een och nach op anere Plazen, wéi de Sportminister Georges Mischo erkläert.
"Och Quereinsteiger spillen eng Roll, fir datt d'IPESS sech opstellen an de Secteur zerwéiere kann. Ech sinn och do scho mat der ADEM an awer och der INAPS (Institut national de l’activité physique et des sports), also mat mengen zwou Administratiounen, esouwuel aus dem Aarbechts- wéi och aus dem Sportsministère am Gespréich, fir ze kucken, a wéiwäit mer d'Zesummenaarbecht vun deenen zwou Verwaltungen, d'Demandeurs d'emploi, duerch de Reskilling an Upskilling, kënne prett maachen."
D'Stonnen, déi déi Professionell schaffen, mussen integral vun de Veräiner bezuelt ginn, déi dovu profitéieren. De Präis hänkt dovunner of, wéi eng Qualifikatioun d'Leit hunn, sou gëtt et bei den Traineren zum Beispill verschidde Schäiner. Et wier awer op alle Fall méi bëlleg, wéi wann d'Veräiner se iwwert de fräie Marché engagéiere géingen. Déi zweet Aufgab vum IPESS besteet doranner, d'Leit esou ze forméieren, datt hier Kompetenzen de Besoine vum Secteur entspriechen.
Wéi héich d'Paie vun den IPESS-Mataarbechter solle sinn, ass zwar nach net genee gewosst, se sollen awer op alle Fall keng deloyal Konkurrenz sinn, esou den Direkter vum Institut national de l’activité physique et des sports Charles Stelmes.
"Dat ass och eng vun de politeschen Zilsetzungen, datt no enger Ufankszäit an der IPESS d'Leit oder d'Kandidaten, d'Mataarbechter herno an d'Veräiner ginn, fir datt d'IPESS net ze grouss gëtt. Dofir brauche mer een attraktive Subsid, datt d'Veräiner vläicht och besser Paie kënne bezuelen, wéi dat an der IPESS de Fall ass an doduerch eng intrinsesch Motivatioun bei de Kandidaten entsteet, fir an d'Veräiner ze goen."
Am Badminton an am Judo test ee schonn zanter enger Partie Joren de System mat professionellen Traineren, déi vun der Federatioun un d'Veräiner weidervermëttelt ginn. A béide Fäll ass de Bilan positiv. De Joël Feltes, President vun der Badmintonfederatioun FELUBA.
"Mir hunn haut 13 Trainer a 17 Veräiner aktiv, dat sinn 80 Prozent vun all eise Veräiner. Mir hunn iwwert 250 Stonnen an der Woch, déi vu professionellen Trainere gehale ginn. Dat ass fir eis schonn ee ganz ganz grousse Succès. Och wann et gutt ass, wann d'Ancienen an hire Veräiner aushëllefen, ass dat qualitativ awer eng ganz aner Saach wéi bei Leit, déi soss näischt anescht an hirem Liewe maachen."
Zur Wouerecht géing awer och gehéieren, datt déi ganz kleng Veräiner sech déi Offer net onbedéngt leeschte kënnen. Dës missten entweder nach e bëssi wuessen oder sech alternativ Modeller iwwerleeën, fir zousätzlech Recetten ze generéieren.
De Sportminister George Mischo huet dann awer och ënnerstrach, datt et net d'Zil wier, de Benevolat duerch Professioneller ze ersetzen. Et géing vill méi dorëms goen, datt béid Beräicher Hand an Hand matenee schaffen.