Police sicht no Brigangen, nodeems an zwou Wunnengen agebrach gouf

© AFP
An de leschte Stonnen huet d'Police zu Lëtzebuerg een Abroch an een Abrochversuch registréiert.
En Donneschdeg am Nomëtteg hunn zwee Krimineller probéiert, an een Appartementshaus an der Rue du Kiem zu Stroossen anzebriechen. Wärend si sech Zougang zu der Wunneng verschafe wollten, goufe si allerdéngs vun engem Noper gestéiert. Béid Verdächteg hunn d'Been an de Grapp geholl an sech duerch d'Bascht gemaach. Eng Sich no de Verantwortlechen ass ouni Resultat verlaf.
Ee méi erfollegräichen Abroch gouf et dann en Donneschdeg den Owend An der Rue Principale zu Viichten. Do ass et den onbekannten Täter éischten Informatiounen no gelongen, duerch eng opgebrache Fënster an d'Haus ze kommen. Bannenan hu si bei der Sich no Wäertgéigestänn d'Haus op d'Kopp gestallt a schlussendlech eng Rei Auere matgoe gelooss. A béide Fäll gouf kee gepëtzt, ma d'Police ermëttelt.
Wéi Dir Iech am beschte virun Abréch schütze kënnt, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.