Feeler a Franséischbuch, vill Reen an en Ex-Minister, dee viru Geriicht soll

© RTL Grafik
De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.
Feeler a Franséischbuch
D’Franséichbuch vun der Septième Général gouf zeréckgezunn. Grond sinn eng Partie Drockfeeler. Esou steet op verschiddene Plazen amplaz vun activité finale activité anale. Op anere Plaze feele Buschtawe bei verschiddene Wierder.
Den Direkter vum Script Luc Weis huet am RTL-Interview erkläert, datt een d'Buch feelerfräi an Optrag ginn hätt. De Problem wier duerno duerch eng technesch Manipulatioun bei der Ëmstellung vun der Opléisung entstanen. Den Editeur hätt sech awer schonn engagéiert, déi 2.000-2.500 concernéiert Bicher op eege Käschten nei drécken ze loossen.
Plazeweis Iwwerschwemmunge wéinst Reen
En Dënschdeg an e Mëttwoch huet et nees zolidd gereent. D'Peegel vun de Flëss sinn deels zolidd geklommen a plazeweis ass et zu klengen Iwwerschwemmunge komm. Zu Dikrech huet d’Kiermes op der Däichplaz missen ofgebaut ginn.
Polizist fält am Kader vum Tour de Luxembourg mam Moto a gëtt schwéier blesséiert
D'leschte Sonndeg ass e Polizist, deen am Kader vum Tour de Luxembourg am Asaz war, mat sengem Moto gefall. Wéi d'Police eis op Nofro matgedeelt huet, war éischten Erkenntnisser no keen anert Gefier an den Accident implizéiert. De Beamte gouf schwéier blesséiert an d'Spidol bruecht.
Geschitt ass d'Chute 28 Kilometer virun der Arrivée. De Motocyclist war virum Mats Wenzel gefuer, deen deen Ament un der Spëtzt vun der Course war. De Cyclist huet nach d'Leit hannendrun op d'Chute higewisen, wéi een op de Livebiller op RTL Télé Lëtzebuerg gesinn huet.
Unerkennung vu palästinenseschem Staat
Lëtzebuerg erkennt Palästina als Staat un. Et hätt een eng Decisioun fir de Fridde geholl, huet de Premier Luc Frieden dëse Schratt no senger Ried virun der UN-Generalversammlung erkläert. Et géing net drëms goen, Applaus ze kréien. Et hätt een d'Decisioun geholl, fir dass sech um Terrain eppes ännert. Et wéilt een am Sënn vu Fridden, och fir Israel, eng Zwee-Staate-Léisung am Noen Osten.
Ex-Minister soll viru Geriicht
De fréieren Defenseminister Bausch an de fréiere Chef d’Etat-major vun der Arméi Duschène musse viru Geriicht veräntwerten. Dat huet d’Chambre du conseil vum Stater Bezierksgeriicht e Mëttwoch esou decidéiert. Hannergrond ass d’Explosioun vun enger Granat am Munitiounsdepot vun der Arméi um Waldhaff am Februar 2019. Deemools waren zwee Zaldoten ëm d’Liewe komm, déi am Service déminage aktiv waren an eben déi 48 Kilo schwéier Bomm entschäerfe sollten.
Et geet ëm de Reproche vun onfräiwëlleger Kierperverletzung. Géint déi Decisioun kann elo Appell gemaach ginn. Dem François Bausch säin Affekot huet dann och matgedeelt, dass een dat wäert maachen. Et gëllt d'Présomption d'innocence.
Mënschenhandelsprozess géint Restaurantsbesëtzer
Sechs Mataarbechter vun engem indesch-nepalesesche Restaurant zu Rodange erhiewe schwéier Virwërf géint hire Chef. Dëse soll seng Employéeë mat Tandoori-Spiisser an Zoppeläffele geschloen a si verbrannt hunn. Engem Mataarbechter hätt hien den Aarm an den Uewe gestach, anere soll hie gliddeg Zooss iwwert d'Hänn geschott hunn. De Chef a seng Fra sinn ugeklot wéinst Kierperverletzung a Mënschenhandel, dat am Zäitraum vun 2013 bis 2021. Et gëllt d'Présomption d'innocence.
Wéinst Dronen: Fluchhäfe Kopenhagen an Oslo ware gespaart
Zwou oder dräi grouss Drone hunn e Méindeg den Owend iwwert dem Fluchhafe vu Kopenhagen hir Ronne gedréint. Déi dänesch Autoritéiten hunn dowéinst de Fluchhafe vun der Haaptstad gespaart. An der Nuecht du goufen d'Dronen och zu Oslo gesinn.
Um Dënschdeg de Moien huet déi dänesch Ministerpresidentin Mette Frederiksen vum "bis ewell schwéierst Attentat op dänesch kritesch Infrastrukturen" geschwat.
Lëtzebuerg kritt e System, deen Autosplacken automatesch identifizéiert
Op de Lëtzebuerger Stroosse soll ee System installéiert ginn, deen d'Placke vun de Gefierer automatesch erkennt. Den Inneminister Léon Gloden huet den entspriechende Projet de loi e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun a virun der Press presentéiert.
Déi sougenannten Automatic number-plate recognition - kuerz ANPR - besteet aus intelligente Kameraen, déi an enger éischter Phas op den Autobunnen an der Géigend vun de Grenzen installéiert ginn an déi d'Placke vun all Gefier ophuelen. Dës Biller gi mat den Donnéeë vu verschiddenen nationalen an internationalen Datebanken ofgeglach a wa sech erausstelle sollt, datt zum Beispill ee Gefier als geklaut gemellt ass, gëtt ee sougenannten Hit ugewisen. Nieft de Placken erkennt een op de Fotoen och dat ganzt Gefier, de Chauffer an d'Passagéier. Haaptzil vum ANPR-System ass de Kampf géint déi schwéier an organiséiert Kriminalitéit an den Terrorismus.