Zu engem spektakulären Accident koum et e Freideg de Moie kuerz no 10 Auer um CR118.

Aus bis ewell nach net gekläerte Grënn huet en Automobilist d'Kontroll iwwer säin Auto verluer a krut doduerch den Hiwwel nieft der Strooss ze paken. Dëst huet dozou gefouert, datt den Auto sech iwwerschloen huet an an der Mëtt vun der Fuerbunn um Daach leie bliwwen ass, op enger net ongeféierlecher Plaz op der Streck tëscht Chrëschtnech an dem Mëllerdall.

Trotz dësem méi spektakulären Tëschefall konnt de Chauffer säi Gefier selbstänneg an ouni gréisser Blessure verloossen. D'Police huet op der Plaz missten den Trafic geréiere wärend där Zäit, an där de Won ofgeschleeft gouf. Op dëser Plaz gëllt et awer nach ëmmer opzepassen, well et nach schmiereg ka sinn.