E Mëttwoch den Owend huet d'Police zu Gréiwemaacher an zu Mäertert Alkoholkontrolle gemaach. 

Zu Mäertert goufen op der Route du Vin insgesamt 90 Automobiliste kontrolléiert, och wann et keng Indicë gouf, datt si gedronk hätten. An engem Fall huet den Alkoholtest ugeschloen, ma et huet kee Permis missen agezu ginn. Et waren allerdéngs och dräi Leit an der Kontroll, déi hir Vignette net bezuelt haten, an een, dee seng gro Kaart net weise konnt.

Zu Maacher war dann op der N1 eng weider Alkoholkontroll, bei där 80 Automobiliste kontrolléiert goufen. An zwee Fäll huet den Alkoholtest ugeschloen an ee Fürerschäin huet an deem Kader missen agezu ginn.