Den Internetsite guttsaach.lu ass eng nei Plattform fir Saachen déi en zweet Liewen sollen kréien.

Den Internetsite guttsaach.lu ass eng nei Plattform fir Saachen, déi en zweet Liewe sollen kréien. D’Initiativ geet vum Gemengesyndicat SIVEC aus. Nieft Esch gehéieren nach 5 weider Südgemengen zu dësem Syndicat. Verschidde Saachen, déi d'Leit ofginn, gi reservéiert fir Schoulen, Crèchen, Maison Relaisen a Veräiner.

Bis ewell ass dat ganz iwwert WhatsApp-Guppen coordinéiert ginn, ma elo gëtt et en eegenen Internet-Site. Associatiounen a Schoulen aus dem ganze Land kënne sech op guttsaach.lu aschreiwen an Artikelen, un deene si interesséiert sinn, reservéieren.

Datt de Projet funktionéiert, weisen d'Zuelen. All Joers gi ronn 100 Tonnen Material un d'Schoulen, Crèchen an Associatioune verdeelt. Duerch den Internetsite kéint d'Offer an d'Demande nach weider an d'Luucht goen.
 
Am Ëmweltministere géing ee sech wënschen, datt dës Initiativ Schoul mécht an aner Gemengesyndikater sech der Plattform uschléissen oder eege Projeten entwéckelen, déi an déi Richtung ginn.