Um Sonndeg am Nomëtteg waren d'Rettungsdéngschter vum CGDIS nees am Asaz.

Géint der Mëtteg krute sech an der Rue Michel Rodange zu Schëffleng ee Motocyclist an en Auto ze paken. Derbäi gouf eng Persoun blesséiert.

Tëscht Sëll a Schweebech sinn um 15.42 Auer een Trakter an een Auto kollidéiert. Heibäi gouf eng Persoun verwonnt.