E puer Leit hunn am Passagearrest iwwernuecht

D’Police gouf déi lescht Nuecht méi wéi 60 Mol am ganze Land wéinst ënnerschiddleche Streidereie geruff.
An de meeschte Fäll hat sech d'Situatioun scho berouegt, wéi d’Police ukomm ass oder et konnt kee Kaméidi méi festgestallt ginn – respektiv konnt d'Situatioun gekläert ginn.
Op der Stater Gare gouf der Police e Samschdeg eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi Randal gemaach an d’Passante belästegt huet. De Mann gouf an de Passagearrest bruecht.
Géint 21.40 Auer huet eng Policepatrull eng weider Persoun ugetraff, déi offensichtlech staark alkoholiséiert war, Passante belästegt an och beleidegt huet. Wéinst Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung a Beleidegung gouf hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest bruecht.
Kuerz drop géint 22.50 Auer gouf der Police eng aggressiv Persoun an der Rue an den Wissen zu Léiweng gemellt. Op der Plaz huet d’Police eng Persoun ugetraff, déi kloer ënnert Alkoholafloss stoung an déi sech aggressiv an net kooperativ verhalen huet. Well de Mann a sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an aner Persoune duergestallt huet, gouf hien nom medezineschen Check an de Passagearrest bruecht.