Abréch an Abréchs-Versich gemellt

An de leschte Stonnen goufe bei der Police verschidde Fäll vun Abréch oder versichten Abréch gemellt.
Esou gouf um Samschdeg an e Eefamilljenhaus an der Rue d’Ettelbrück zu Biereng agebrach. Onbekannt Täter hu sech Zougang zum Haus verschafft an d’Raimlechkeete komplett duerchwullt.
An der Nuecht gouf och an Eefamilljenhaiser an der Rue de Luxembourg zu Gëtzen an an der Strooss "Am Letschert" zu Béiwen agebrach.
D’Raimlechkeete goufe wärend dem Abroch duerchwullt a Bijoue goufe geklaut.
E versichten Abroch huet sech da géint 21.15 Auer an der Strooss „An der Steekaul“ zu Habscht zougedroen. Den Awunner ass duerch Geräischer un der Terrassendier opmierksam ginn. Wéi hien nokucke wollt, huet hien eng Silhouette gesinn, déi direkt d’Flucht ergraff huet.
An allen Fäll goufen Ermëttlunge vun der Police ageleet.