Op der Saarautobunn koum et e Samschdeg zu engem Accident, dat ee Päerd leider net iwwerlieft huet.

E Samschdeg den Owend si bei der Polizeiinspektion Nordsaarland ëm kuerz virun 21 Auer bemol eng sëllegen Noutriff eragaangen.

De Beamte gouf gemellt, et wier op der Saarautobunn A1 am Beräich vun Otzenhausen, eng 40 Kilometer Loftlinn vu Lëtzebuerg ewech, zu engem ongewéinlechen Accident komm - ee Päerd wier aus engem Transportunhänger op d'Strooss gesprongen.

D'Meldungen hu sech als wouer erausgestallt. D'Päerd ass deemno aus dem Unhänger gesprongen an ass op der Strooss mat véier Autoe kollidéiert. Et ass nach op der Plaz gestuerwen. D'Autoen, déi dem Déier net méi auswäiche konnten, ware schwéier beschiedegt, ma Mënsche goufen dem Policerapport no net blesséiert.

Wärend déi futtis Autoen an dat verongléckt Päerd gebuerge goufen, war d'Autobunn heivir am Saarland zwou Stonnen zäitweis komplett gespaart. Op der Plaz waren d'Polizeiinspektionen Nordsaarland, St. Wendel an Neunkirchen, d'Polizei Rheinland-Pfalz an déi lokal Pompjeeën.