Schimmel, Stroumausfäll an Iwwerschwemmunge mat Exkrementer: D'Studenten am Galileo-Gebai um Belval schloen Alarm.

Nodeems et ëmmer nees zu Problemer mat der Heizung, dem Waasser, dem Stroum an dem Ofwaasser kënnt, beschwéiere sech eng Rei Studenten, déi am Galileo-Gebai um Belval wunnen, datt si géifen an "onmënschleche Konditioune" liewen. Zu den Ëmstänn, déi d'Studente beschreiwen – a mat Fotoen a Videoen illustréieren – gehéiere Stroumausfäll, Schimmel a souguer mat Exkrementer verseuchten Iwwerschwemmungen.

D'Studenten, déi nëmmen anonym wollte mat Journaliste schwätzen, hu gesot, datt am ganze Gebai Probleemer wieren. Sou hätte verschidden Awunner dacks misse fir länger Zäit ouni waarmt Waasser auskommen, wärend anerer mat de Konsequenze vu Fiichtegkeet ze kämpfen hätten.

En trauregen Héichpunkt war eng Iwwerschwemmung mat verknaschtem Ofwaasser.

A submerged room with dirty water and faecal matter.

D'Uni.lu huet op Nofro drop higewisen, datt si net fir d'Gebai, an deem haaptsächlech international Studenten ënnerbruecht sinn, responsabel wier a verweist duerfir op d'Firmen, déi d'Gestioun hunn. Um Site vun der Universitéit steet och eng Warnung, datt d'Galileo-Gebai a privaten Hänn wier.

D'Locatioun vum Gebai gëtt deemno vun der Firma Genimmo geleet, fir d'Gestioun selwer ass iGest responsabel. Aus Gespréicher mat béide Firme geet ervir, dat d'Zoustännegkeeten tëscht deenen zwee awer dacks onkloer sinn, sou datt d'Responsabilitéit fir eenzel Tëschefäll hin an hir gereecht gëtt.

D'Bewunner fuerderen elo eng méi kloer Kommunikatioun, méi séier Interventiounen a reduzéiert Loyeren, well Servicer wéi Stroum a Waasser Deel vun hirem Kontrakt sinn. E Spriecher vun der Associatioun "Mieterschutz" recommandéiert, datt déi betraffe Studente sech Ënnerstëtzung bei engem Affekot sichen. De Mieterschutz huet iwwerdeems och ugebueden, d'Kontrakter vun de Studenten ze iwwerpréiwen, fir sou Problemer an Onkloerheeten ze identifizéieren.

Liest hei de komplette Reportage am Detail op Englesch bei eise Kolleege vum RTL Today.