Den Nationalrot vun der CSV war zesummen, fir driwwer ze diskutéieren, ob d'Méiglechkeet op Ofdreiwung soll an d'Verfassung stoe kommen.

Déi ganz grouss Majoritéit vum Gremium ass dofir, datt an d'Constitutioun stoe kënnt, datt eng Fra d'Fräiheet huet, hir Schwangerschaft ofzebriechen, ënnert de Konditiounen, déi am Gesetz virgeschriwwe sinn.
 
D'CSV ënnersträicht, datt si op déi Manéier hire kloren Engagement fir d'Fraerechter an d'Fräiheet vum Choix ënnersträicht.
 
Déi Chrëschtlech-sozial ënnersträichen, datt si sech mat hirem Koalitiounspartner zesummesetzen an och mat deenen anere politesche Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, fir ze kucken, datt ee fir den Text e Konsens fënnt, dee sou breet wéi méiglech ass, esou datt déi zukünfteg konstitutionell Garantie eng gréisstméiglechst Legitimitéit kritt.

Den Debat soll deels ganz emotional gefouert gi sinn. D'Co-Generalsekretärin Françoise Kemp iwwert hier Andréck:

"Et war ee ganz konstruktiivt Gespréich. Et war och flott, datt vill Fraen hir perséinlech Erfarunge mat eis gedeelt hunn, dat huet d'Gespréich nach méi wäertvoll a fruchtbar gemaach an dat war immens wäertvoll."

RTL

© Marc Hoscheid

An deene leschte Woche war jo doriwwer diskutéiert ginn, ob et ee juristeschen Ënnerscheed tëscht de Begrëffer Fräiheet a Recht gëtt. Fir d'Françoise Kemp ass dat de Fall. Duerch d'Benotze vum Begrëff Fräiheet hätten d'Dokteren, déi keng Ofdreiwung duerchféiere wëllen, och weiderhin d'Méiglechkeet, d'Fra un een aneren Dokter weiderzeleeden.

"Mee ech mengen, dat ass jo och lo de Fall. D'Dokteren ënnertenee wëssen, wie bereet ass, dat ze maachen, wien dat mat sengem Gewëssen ausmaache kann a wien net. Vun dohier wäert sech mat der Liberté näischt dorunner änneren." 

Lo misst déi definitiv Gesetzespropos geschriwwe ginn, déi jo dann och nach duerch de Staatsrot muss. Mat Bléck op d'Onstëmmegkeeten, déi et beim Koalitiounspartner DP an der Fro ronderëm d'Ofdreiwung gëtt, seet d'Françoise Kemp, et misst een elo konstruktiv Gespréicher féieren.

De Kardinol Hollerech hat jo am RTL Background ënnerstrach, datt den Avortement op kee Fall dierft an d'Verfassung stoe kommen. D'kathoulesch Kierch hat dës Positioun Enn lescht Woch och nach emol widderholl.