Entrepreneur hat Leitung beschiedegt
Stroumpann um Kierchbierg mëttlerweil behuewen

© Envato
En Dënschdeg de Moie géint 8.30 Auer koum et um Kierchbierg zu engem Stroumausfall.
Wéi d'Creos eis matgedeelt huet, huet en Entrepreneur um Boulevard Pierre Frieden eng Leitung beschiedegt, wouduerch et zu der Pann komm ass. Informatioune vun der Creos no huet d'Pann ronn 6 Minutte gedauert. Éier d'Stroumversuergung am Gebai vun RTL nees retabléiert war, ware bal 30 Minutte vergaangen.
Am meeschte gelies