Grujeleg Entdeckung
Doudegen u Stroosseschëld opgehaangen, Bréisseler Police ermëttelt

© Photo by ERIC LALMAND / BELGA MAG / Belga via AFP
Um Bréisseler Contournement ass e Sonndeg en 29 Joer ale Mann dout fonnt ginn, deem säi Kierper un engem Stroosseschëld houng.
Wéi déi belsch Noriichtenagence VRT mellt, gouf e Sonndeg zu Bréissel en doudege Mann fonnt, deem säi Kierper un engem Stroosseschëld um Bréisseler Contournement houng. De Kierper war mat engem Kabel festgemaach a gouf bei der Sortie 13, an der Géigend vum Bréisseler Quartier Anderlecht, fonnt.
De Parquet vu Bréissel huet eng Enquête lancéiert, well den Doud vum 29 Joer ale Mann als verdächteg ageschat gëtt. Eng Autopsie gouf och ugekënnegt a Suicide gëtt am Moment net ausgeschloss.
Am meeschte gelies