Dës solle moderniséiert ginn, ouni dass aktuell Hëllefen a Fro gestallt sinn.

E Méindeg war de Regierungsrot beieneen. Do gouf ënnert anerem eng Konventioun guttgeheescht, déi de Staat mat der ASBL HUT-Hëllef um Terrain ageet, fir e Gebai zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss ze renovéieren, wou en Accueilscenter fir 20 mannerjäreg an onbegleet Flüchtlinge wäert drakommen.

Da gouf och eng Reform vum legale Kader vun de finanziellen Hëllefe fir Studente guttgeheescht. Dës solle moderniséiert ginn, ouni dass aktuell Hëllefen a Fro gestallt sinn. Ënnert anerem gëtt en Accord vun Oktober zejoert ëmgesat, deen d’Regierung mat der Studente-Vertriedung ACEL agaangen ass, wou als ee vu méi Punkte festgehale gouf, fir d’Hëllefe semestriell un den Index unzepassen.

Mëtt Oktober sollen Detailer op enger Pressekonferenz virgestallt ginn.