Sam Tanson gesäit Matschold, Gilles Roth relativéiert

Wéini déi zoustänneg Gremie bei der Spuerkeess iwwert d'Zukunft vun der Françoise Thoma decidéiere wäerten, konnt/wollt de Finanzminister nach net soen.
Firwat gouf bei der Spuerkeess iwwert Joren ewech näischt géint Lacunne bei den interne Prozedure gemaach, obwuel se vun der Autoritéit vun der Bankenopsiicht CSSF dorobber opmierksam gemaach gouf? A gouf de Bedruch bei der Caritas esou réischt méiglech gemaach? Ëm déi Froe goung et e Méindeg an der Finanzkommissioun vun der Chamber, de Marc Hoscheid resuméiert.
A well d'Sëtzung am Huis clos gehale gouf, falen d'Äntwerten éischter vague aus. Ma och wa weder d'Deputéiert nach de Finanzminister an d'Detailer gaange sinn, hu se dono awer eppes an d'Mikroe gesot. Sou huet de Marc Goergen vun de Pirate sech ee Stéck wäit erliichtert gewisen.
"Bei deenen Erklärungen, déi mer kruten, sinn ech eigentlech berouegt, datt d'Spuerkeess déi richteg Weeër ageleet huet, wéi et war. Mee et misst een awer verschidden IT-Systemer nach eng Kéier op de Leescht huelen a méi kann ech lo dozou, fir net ze vill an de Huis clos ze goen, net soen. Mee ech sinn awer berouegt, datt d'Spuerkeess net ze vill falsch gemaach huet."
Datt de Finanzminister an d'Vertrieder vum Ministère an de Kontrollgremie vun der Spuerkeess sech e Méindeg an der parlamentarescher Finanzkommissioun nees zum Sujet geäussert hunn, ass op eng Ufro vun deene Gréngen zeréckzeféieren. D'Spriecherin vun der grénger Sensibilité politique, Sam Tanson, zitt ee gemëscht Fazit.
"Et ware Flanken um Niveau vun der Spuerkeess op, déi sinn zum Deel behuewe ginn iwwert déi Zäit, mee si sinn ebe wierklech net komplett behuewe ginn. An ech bleiwe beim Constat, datt op alle Fall déi Envergure vum Caritas-Dossier net esou grouss gewiescht wier, wann um Niveau vun der Spuerkeess alles esou funktionéiert hätt, wéi et hätt solle funktionéieren."
Déi Ausso wollt de Finanzminister Gilles Roth esou net stoe loossen.
"Wat ech bedaueren, dat ass, datt 2020 eng Injunction vun der CSSF ausgeschwat gouf an datt déi bis 2024 oder 2025 net ëmgesat gouf. Dat bedaueren ech ausdrécklech, mee dat huet näischt mat der Responsabilitéit vun der Spuerkeess am Kontext vun der Caritas ze dinn, och wann ëmmer versicht gëtt, dat zouzemaachen."
D'CSSF hätt "just" erkläert, datt de System vun der Risikobewäertung vun der Spuerkeess net konform mat de Bestëmmunge vum Geldwäschegesetz wier. Et wier par Konter net kloer, ob ee perfekte System bei der Spuerkeess de Bedruch bei der Caritas verhënnert hätt. Ob méiglech personell Konsequenzen ugeschwat, huet de Gilles Roth gemengt, datt eng Ofléisung vun der Generaldirektesch Françoise Thoma fir hie keen Tabu wier, hien awer och keng Personalentscheedung vun uewen erof diktéiere wäert.
Wéini déi zoustänneg Gremie bei der Spuerkeess iwwer d'Zukunft vun der Françoise Thoma decidéiere wäerten, konnt oder wollt de Finanzminister awer nach net soen.