Aktiounsplang soll Kaméidi bekämpfen

© RTL-Archivbild
Op nationalem Niveau gëtt u Pläng geschafft, fir de Kaméidi ze bekämpfen. Den Ament leie Projete fir déi eenzel Aktiounspläng um Dësch.
Kaméidi, deen zum Beispill duerch de Stroossentrafic kënnt, duerch den Zuchtrafic oder duerch Fligeren, déi dacks och nach no 23 Auer Owes landen. Den Ament leie Projete fir déi eenzel Aktiounspläng um Dësch.
D'Stad Lëtzebuerg huet déi Projeten an de leschte Wochen analyséiert, well se bis den 1. Oktober en Avis soll ofginn. Déi Positioun, déi den DP-CSV-Schäfferot virgeschloen huet, gouf e Méindeg unanime am Stater Gemengerot ugeholl.
Den Avis gouf also och vun der Oppositioun matgedroen. D'LSAP-Conseillère Maxime Miltgen huet begréisst, datt dodran och eng ganz Rei kritesch Punkten opgezielt ginn.
"Virop de Fait, datt d'Stad Lëtzebuerg net richteg an d'Aarbechtsgruppe matagebonne ginn ass, dass d'Datebasis veraalt ass, wärend d'Populatioun staark wiisst a virun allem, datt den Nuetsfluchverbuet ze dacks net agehale gëtt, well d'Sanktiounen net schéngen ze wierken."
Et gëtt schonn zënter Joren iwwer d'Problematik vun den Nuetsflich diskutéiert, seet den David Wagner vun déi Lénk, mä d'Situatioun hätt sech net verbessert. Seng Partei hat eng Motioun deposéiert, fir d'Nuetsflich um Findel ganz strikt ze limitéieren. Déi ass awer um Enn verworf ginn. 84.000 Awunner géifen ënnert dem Kaméidi vum Fluchtrafic leiden, dorënner och Leit, déi an der Afluchschneis leien. Kaméidi, deen d'Leit krank maache kann, huet déi Gréng Conseillère Linda Gaasch ënnerstrach, nodeems se sech d'Dokumenter vum Projet fir den Aktiounsplang am Detail ugekuckt huet.
"Do ginn et dann esou theoretesch Zuelen, wéi et de Leit geet duerch de Kaméidi an ech fannen déi relativ schlëmm, well wann ech da kucken "highly annoyed" reng wa mer Strooss a Fluchhafen zesumme kucken, si méi wéi 50.000 theoretesch Persounen an der Agglomeratioun, also Stad a ronderëm. 'Highly sleep disturbed' si méi wéi 25.000 Leit a souguer e Risk fir Häerzkrankheeten, dat ass just op de Stroossen, dat si 56 Persounen."
Datt eppes muss géint de Kaméidi geschéien, huet am Conseil keen ofgestridden. Dofir sinn déi national Aktiounspläng jo och geduecht. D'Linda Gaasch huet awer ënnerstrach, datt och d'Stad méi misst maachen, fir déi Quartieren, déi staark vum Kaméidi impaktéiert sinn.
D'Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet iwweregens e Méindeg och eng nei Conseillère vun déi Gréng vereedegt.
D'Liudumila Branca ersetzt vun elo un d'Claudie Reyland, déi jo virum Summer demissionéiert hat.