Nationalen Aktiounsplang géint Rassismus kënnt am November

© RTL-Archivbild
Gi Leit mat Nimm, déi auslännesch kléngen, um Wunnengsmaart hei am Land diskriminéiert? Jo, seet eng Etude vum LISER aus dem Mäerz vun dësem Joer.
Den Ament gëtt een nationalen Aktiounsplang géint Rassismus vum Familljeministère ausgeschafft, deen nach am November dëst Joer soll presentéiert ginn. De Volet Wunnengsmaart soll do net vergiess ginn, soen déi Gréng, déi de Sujet an der Familljekommissioun an der Chamber e Méindeg opgegraff hunn. Och den Zoustand vun den ONA-Accueil-Strukture gouf an der Kommissioun e Méinden diskutéiert.
Nodeems eng LISER-Etude festgestallt huet, datt et och hei am Land um Wunnengsmaart Diskriminatioune ginn, soll dëse Volet vum Rassismus am nationalen Aktiounsplang géint Rassismus consideréiert ginn. Dat fuerderen op d'mannst déi Gréng, déi dëse Sujet an der Kommissioun op den Ordre du Jour bruecht hunn, fir Drock ze maachen. De Logement soll dann och ee vun de Kär-Sujeten an dësem Aktiounsplang ginn, esou den zoustännegen DP-Minister Max Hahn:
"Et ass op där enger Säit Educatioun, op där anerer Säit de Logement an d'Aarbecht. Dat heescht, mir wäerten eis och an deem nationalen Aktiounsplang haaptsächlech elo mol op déi Beräicher awer net nëmme fokusséieren, well bei mir gëtt et, a bei der Regierung gëtt et null Toleranz fir all Zort vu Rassismus. An dat eigentlech egal a wéi engem Beräich."
Donieft war och den Zoustand vun den ONA-Accueil-Strukturen Thema an der Kommissioun. Ugangs des Mounts haten eng Rei betraffe Leit aus Eritrea op déi prekär Wunnengssituatioun hei am Land op enger Pressekonferenz opmierksam gemaach.
Lëtzebuerg stéing dem Minister no mat 8.300 Better zwar proportional ganz gutt do, ma den Drock wier weider héich, dat well méi Better gebraucht ginn, wat et net erlaabt, Strukturen zouzemaachen, déi net méi déi allerneist an dowéinst am beschten Zoustand wieren. Et géif een d'Politik vum Machbare maachen, seet de Minister. D'Djuna Bernard vun déi Gréng war mat den Explikatioune vum Minister an dësem Sujet net ganz zefridden:
"Wann ech héieren, dass wierklech Betraffener soen, hei sinn desolat Zoustänn, d'Hygiène stëmmt net, d'Sécherheet stëmmt net, d'Norme ginn net agehalen, dann ass dat eppes, wat mer musse ganz eescht huelen a wou ech am Fong mer gewënscht hätt, dass de Minister e bësselche méi eiser Iddi géing nokommen, fir eng extern Kontrollinstanz en place ze setzen."
Och fir d'LSAP-Deputéiert Claire Delcourt musse konkret Resultater geliwwert ginn:
"Mir mussen do ganz kloer méi un der Wuerzel schaffen an ech mengen do sinn net just national, mee och lokal Vertrieder gefrot an ech mengen déi Aarbecht, déi de Minister probéiert um Terrain ëmzesetzen, ouni Quoten ze schafen, vu Gemeng zu Gemeng ze goen, ass och natierlech favorabel, mussen awer allerdéngs och Resultater liwweren."
Effektiv well de Familljeminister Max Hahn verstäerkt op d‘Zesummenaarbecht mat de Gemenge setzen:
"Ech hu mer zur Aufgab gemaach, fir bei déi aner Schäfferéit ze goen, fir bei d'Gemengeréit ze goen, fir ebe mat hinnen ze kucken: wou kënne si och hëllefen? Vläicht och heiansdo mat ganz klenge Strukturen, wou ech hinne weisen, wat mer alles kënnen ubidden, wou ech och Ängscht kann ewechhuelen."
Fir sech ee bessert Bild vun der Situatioun an den ONA-Strukturen ze maachen, ass och geschwënn eng Visitt vun der Kommissioun a Strukture virgesinn, wéi d’Presidentin vun der Familljekommissioun, d’DP-Deputéiert Mandy Minella, erkläert huet:
"Wat mengen ech, eng gutt Saach ass, dass mer mat der Chamber eng Visitt kënne maachen, fir eis e puer ONA-Strukturen unzekucken, fir do och déi néideg Froen ze stellen a fir dass mir als Chamber eis kënne wierklech och um Terrain e Bild maachen, fir do dann eis Aarbecht weiderzeféieren."