"Et war keng Läich"
Zu Mutfert gouf eng Persoun net wäit ewech vun de Schinne fonnt

© Domingos Oliveira
An enger éischter Phas waren Aenzeien dovunner ausgaangen, dass et sech ëm eng Läich géif handelen.
An der Nuecht op en Dënschdeg krut RTL gemellt, dass et en Asaz an der Géigend vun der Rue du chemin de fer zu Mutfert géif ginn. Do hätt eng Persoun um Buedem geleeën, déi net bougéiert hätt.
Um Dënschdeg de Moien huet d'Police eis op Nofro hi matgedeelt, dass et sech net ëm eng Läich gehandelt hätt. Weider Informatioune krute mer dee Moment net.
Vum Parquet war et op Nofro d'Ausso, dass eng Enquête amgaangen ass. D'Police technique war um Dënschdeg de Moien op der Plaz.

© Domingos Oliveira
Am meeschte gelies