Zwou Festnamen no Déifställ vu Ketten

© RTL Archiv
E Samschdegowend kruten zwou Persounen am Garer Quartier hir Kette geklaut. A béide Fäll konnt d'Police Verdächteger festhuelen.
Engersäits krut d'Police en Iwwerfall an der Rue du Fort Elisabeth gemellt. Zwee Täter hunn enger Persoun eng Kette vum Hals gerappt a sech duerno duerch d'Bascht gemaach. Spéider am Owend konnten se awer vun der Police gestallt ginn. Ee vun den zwee Täter hat och d'Ketten op sech a konnt donieft mat engem aneren Déifstall a Verbindung bruecht ginn. Op Uerder vum Parquet gouf e festgeholl an op den Uechterhaff op Suessem bruecht.
E weideren Iwwerfall mat Gewalt gouf et an der Rue Joseph Junk op der Gare. Éischten Informatioune no huet e Mann eng Fra ugeschwat an hir gesot, se hätt eppes verluer. Wéi déi sech du gebéckt huet, fir op de Buedem ze kucken, huet den Täter hir d'Kette vum Hals gerappt. D'Affer gouf beim Virfall net blesséiert. Den Täter konnt kuerz drop gestallt ginn an huet sech e Sonndeg de Moien missen beim Untersuchungsriichter presentéieren.